De Weekend goufen zu Beetebuerg jonk Auteuren am Kader vum Literaturconcours "Prix Laurence" ausgezeechent.

76 Schrëftsteller am Alter tëscht 12 a 26 Joer hu bei der Editioun 2020 matgemaach, 113 Texter goufen eragereecht.

An der Kategorie 12 bis 17 Joer goung den éischte Präis un d'Jelena Thiel mat "Fumées de Térébenthine / The Gravediggers, or: A bit about a plague". Déi 2. Plaz hat sech d'Roksan Maly ("Toller Mensch / Irgendwie") geséchert an déi 3. Plaz goung un d'Lena Rubio Doering ("Held hostage. / Truth or Death").

D'Elissaveta Staneva krut eng Mention spéciale ("Brain or heart? / The courage to heal") an de Coup de coeur vun der Jury war dem Céline Urwald säin Text "Die geheimnisvolle Begegnung".

Bei de jonke Schrëftsteller an der Kategorie 18 bis 26 Joer war et d'Lynn Reimen ("Je suis tout ça et plus encore"), dat den 1. Präis gewonnen huet. Déi zweetbescht Auszeechnung goung un d'Caroline Ruppert ("Zum Trotz gegen die Zeit") an de Cosimo D. Suglia huet mat "Twenty Modern Fables" den 3. Präis gewonnen.

D'Lis Dostert ("The smell") krut donieft eng Mention spéciale an d'Anouk Schreiner ("Den ënnerstrachenen Dag am Kalenner") war de Coup de coeur an där Kategorie.

An der Jury souze bei der 6. Editioun vum Concours d'Vesna Andonovic, Martine Forty, Christiane Kremer, Jérôme Jaminet, Thomas Schoos an de Pit Hoerold.