Den CNA an den CNL sinn houfreg de Release vun hirem neien Audiobuch ze annoncéieren an invitéieren op e Launch-Owend nächste Mëttwoch um 20 Auer am CNA.

De Roger Manderscheid stellt säi Roman "Schacko Klak" als Lauschterbuch vir. Gelies gëtt de Roman vum Steve Karier. Hie liest Extraiten vir an dat mat musikalescher Begleedung vum André Mergenthaler.

Den Entrée ass fräi, mä d’Zuel vun de Plazen ass begrenzt. Dofir soll ee sech bis den 19.10.20 per Email op visites@cna.etat.lu umellen.

"schacko klak. biller aus der Kandheet (1935-1945)" ass dem Roger Manderscheid säin éischte Roman op Lëtzebuergesch. En ass 1988 erauskomm. Am Mëttelpunkt vun der Geschicht steet de Chrëscht Knapp. An 32 Kapitele verzielt hie seng Kandheet zu Izeg an de Jore virun a wärend der Nazi-Besetzung. De Lieser oder Lauschterer léiert och d'Jhuliett Reiter kennen, dem Chrëscht seng grouss Léift.

De Roman zeechent e Portrait vun deemjéinegen, dee »blatzkueder«, »jeizi« oder »toxi« genannt gëtt, op zwee Erzielniveauen. Op där enger Säit aus der Perspektiv vum Véierjäregen, op där anerer aus der Siicht vum 56-Järegen, deen zanter 20 Joer zu West-Berlin wunnt an d’Vergaangenheet a Bréiwer un d’Jugendfrëndin reflektéiert.