D'Gewënner vun den eenzele Kategorien am Iwwerbléck

De Samuel Hamen an de Marc Angel gewanne mat hirem Buch "Zeechen" de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur.
En Donneschdeg den Owend goufen an der "Bilbiothèque nationale du Luxembourg" d'Gewënner an de verschiddene Kategorië vum Lëtzebuerger Buchpräis 2020 genannt.
D’Visibilitéit vum Buch dierf net verluer goen. Dat huet d’Kulturministesch Sam Tanson en Donneschdeg den Owend bei der Iwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis betount. Vue datt d’Walfer Bicherdeeg dëst Joer net konnten organiséiert ginn, war d’Zeremonie en Donneschdeg an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg. "Zeechen" vum Samuel Hamen a Marc Angel huet de Präis an der Kategorie "Literatur" gewonnen.
"Dem Samuel Hamen seng séiss-sauer Erzielungen iwwert eng Jugend zu Lëtzebuerg an dem Marc Angel seng grafesch Interpretatioun dovun iwwerzeegen duerch en humorvollt, intermediaalt Zesummespill. "Show don't tell" heescht eng gëlle Schrëftstellerreegel, déi béid Kënschtler an dësem Band befollegen. Et si Schlësselmomenter am Liewe vun engem jonke Mann, déi an engem Mix vu sproochlechen a grapheschen Zeechen op eng Manéier illustréiert ginn, déi dem Lieser bewosst vill Fräiraum fir seng eegen Deitung léisst.", esou den Tim Reuter, e Member vun der Jury.
"Et war zimmlech schwiereg, well dem Samuel seng Sprooch ass esou, datt ech fonnt hunn, datt do scho vill Biller dra sinn. Dofir hunn ech mech gefrot, wéi ech dat nach illustréiere soll. Dofir hunn ech em proposéiert, meng eegen Interpretatioun vu senge Geschichten ze maachen. Dat hunn ech du gemaach, vue datt ech BD-Zeechner sinn. Hie war direkt domat averstanen an hat de Courage, dat Abenteuer unzegoen.", esou de Marc Angel.
"De Wëlle leeft am Bësch" vum Diane Orban & Myriam Karels gouf zweemol ausgezeechent: an der Kategorie Kanner- a Jugendbicher a mam Publikumspräis. An och d'Buch "Grossherzogin Marie Adelheid von Luxemburg" vum Josiane Weber huet 2 Präisser gewonnen, eemol an der Kategorie Sachbicher an am Beräich Design.
D'Diane Orban erzielt iwwert d'Iddi hannert dem Buch: "Mir wollten d'Eltere mat hire Kanner op eng Fantasiereess doheem duerch hiert Haus schécken. D'Jonge sinn op déi Rees gaangen, well se net virun d'Dier konnten, well et gereent huet. Mir haten net domat gerechent, datt kuerz nodeems d'Buch erauskoum, d'Kanner wierklech net virun d'Dier kéinten, wann och aus aner Ursaachen. Mir hoffen, datt mer et hikrut hunn, de Kanner an Elteren déi Zäit e bëssen ze vereinfachen."
Hei d'Gewënner vun den eenzele Kategorien
Kategorie Kanner a Jugendbicher:De Wëlle leeft am Bësch
Diane Orban & Myriam Karels, Editions Schortgen

Kategorie Sachbicher:Großherzogin Marie Adelheid von Luxemburg
Josiane Weber, Editions Guy BinsfeldKategorie Literatur:Zeeechen
Samuel Hamen & Marc Angel, Editions Guy Binsfeld

Buchpräis am Beräich Design:Grossherzogin Marie Adelheid von Luxemburg
Josiane Weber, Editions Guy Binsfeld

Den Editeur Guy Binsfeld, d'Josiane Weber war net do.
Publikumspräis:De Wëlle leeft am Bësch
Diane Orban & Myriam Karels, Editions Schortgen
Wie war alles nominéiert?
Kategorie "Literatur"
![]() | Zeeechen Dräimol zwou Geschichte vereent dës Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel Hamen an dem Zeechner Marc Angel. Et si Geschichte vum Opwuessen zu Lëtzebuerg an den Nonzeger a fréien Zweedausenderjoren, déi op där enger Säit vum Samuel Hamen a Prosaform presentéiert an op där anerer Säit vum Marc Angel als Comic interpretéiert ginn. |
![]() | Fox-trails, -tales & -trots Fox-trails, -tales & -trots takes us to Luxembourg and New York on the trail of Renert and other foxes. Mirroring healing and writing, hunting and translating, Pierre Joris explores the meanings of identity, migration, language and literary creation in this assemblage of essayistic and poetic texts. |
![]() | Die Mutationen In der Titelgeschichte „Die Mutation“ erwacht die Stubenfliege Leon Sumsa erwacht eines Morgens und findet sich in ein „ungeheures Wirbeltier“, also einen Menschen verwandelt. Die Mutationen: Das sind 7 Geschichten und 1 Gedicht, denen jeweils ein klassischer Text als Vorlage und Ausgangspunkt dient, von Rotkäppchen bis Virginia Woolf. |
![]() | Enfance, instantanés – à l’aube de la mémoire « Les repères biographiques, les épisodes maintes fois répétés et entendus sont plus tenaces. Mais les images sont fragiles. Je ne parle pas des photos ou des films sur lesquels on aperçoit une fillette qu’on sait être soi. Je parle des images internes de l’enfance, que la mémoire fait surgir avec les sensations y afférentes, à l’intérieur desquelles on peut retourner. » |
![]() | La Quête Écrire, c’est une recherche. La quête de quelque chose d’inconnu. Peut-être de ce que les gens appellent bêtement le sens de la vie. Dans son premier roman, Antoine Pohu raconte deux histoires inextricablement liées. Dans la recherche désespérée de soi-même à travers son écriture, un auteur relate son quotidien et ses souvenirs d’enfance. Ceci lui permet d’écrire un roman : c’est l’histoire fantastique de deux orphelins qui fuient la misère de leur ville et voyagent à travers l’univers sur un voilier en bois. |
Kategorie "Kanner a Jugendbicher"
![]() | Wichapi - Etoile parmi les étoiles E klengt Sioux-Meedchen an e Bier, et ass eng ongewéinlech Frëndschaft vun där d'Marie-Isabelle Callier an hirem neie Kannerbuch erzielt. Fir "Wichapi-d'Geschicht vun enger Frëndschaft" huet si net nëmmen den Text geschriwwen, mä och d'Biller selwer gemoolt. |
![]() | Rout, gréng, giel... Paprika D’Emma ësst net gären! Mat Hëllef vu Faarwe léiert dat klengt Meedchen awer vill nei Liewensmëttel kennen déi him ganz gutt schmaachen Emma n’aime as manger. Mais, à l’aide des couleurs, la petite apprend à goûter et à aimer de nouveaux aliments. |
![]() | Mooka n° 1, E Mook fir Kanner, Eng Stad: Esch/Uelzecht, en Thema: Nuecht E „Mook“ fir Kanner (d’Wuert Mook ass aus den englesche Wierder „Magazine“ a „Book“ zesummegesat) An dëser Nummer 1 vum Mook fir Kanner fënnt een: En Thema (Nuecht), eng Stad (Esch-Uelzecht), e Stadplang, Interviewe, Reportage, Comics a vill Aktivitéiten fir beim Spillen mat Spaass bäizeléieren. |
![]() | Baba Bégaie Livre jeunesse mettant en scène un garçon de 10 ans qui est plutôt doué à l’école mais qui bégaie. Il subit des moqueries de ses camarades. Il va découvrir, avec plaisir, qu’il n’est pas le seul dans son cas. |
![]() | De Wëlle leeft am Bësch Et ass fir d'Mippercher ze kréien! Dobausse reent et riicht eran, an déi zwee Lausbouwe Jim a Charel wëssen net wéi se d'Zäit sollen erëmkréien. Wéi se dunn um Späicher zwee Brëller fannen, gesäit d'Welt op eemol ganz anescht aus, a wat si dann erliewen, dat geet op keng Kouhaut! „Déi Wëll lafen am Bësch! Dësem an nach ville weidere lëtzebuergesche Spréchwierder a Riedewendunge begéint een an dëser Geschicht. |