Villes ass dëst Joer anescht, Aktiounen déi ëmmer hir fest Plaz am Kalenner haten, sinn ofgesot, esou och d'Walfer Bicherdeeg.

Ganz vill Leit sinn ëmmer den drëtte Weekend vum Mount November op d'Walfer Bicherdeeg gaangen fir do z'entdecken, wat alles un neie Bicher an de Lëtzebuerger Editiounshaiser erauskomm ass.

Fir dat opzefänken gouf dofir dëst Joer eng grouss Campagne ënnert dem Motto "Are you reading Luxembourg?" fir d'Buch lancéiert. Wat iwwerall leeft, huet d'Michèle Schons mer an enger klenger Serie um Radio festgehalen.

Den éischte Rendezvous war am logisteschen Zenter vun der Librairie Ernster, wou de Fernand Ernster erzielt huet, wéi déi momentan Zäit sech op d'Librairien ausgewierkt huet.

An der Librairie

Walfer ass normalerweis ëmmer d'Plattform, wou de Grand Public matkritt, wat vun neie Publikatiounen erauskënnt, wou och Renconteren mat den Auteuren, den Editeuren an och de Libraire méiglech ass. Dofir hunn de Marc Rettel a seng Ekipp vu Reading Luxembourg d'Käpp zesummegestréckt fir e flotte Programm op d'Been ze setzen.

Reading Luxembourg

Am Centre National de Littérature zu Miersch verréit déi nei Directrice Nathalie Jacoby vill, awer nach net alles, iwwer hir flott Aktioun "Lieskamellen".

Literatur-Zenter zu Miersch