D‘Associatioun ARC Kënschtlerkrees huet 2020 hir 60 Joer gefeiert. Wéinst Covid-19 konnte si hir geplangten Ausstellung net méi mat Zäit weisen.

Elo huele se dat awer no. D’Expo „waasserFest“ kann ee sech nach bis den 21. Februar am Espace H2O zu Déifferdeng ukucken.

D’Memberslëscht beim ARC Kënschtlerkrees huet sech iwwer déi lescht 4 Joer praktesch verduebelt. Fir d’Jubiläumsausstellung konnten elo eng 45 Kënschtler 1 bis 3 vun hire Wierker ausstellen. Krittären hu se nämlech keng mussen anhalen.

Ee vun deene Kënschtler ass den Ingo Schandeler. Hien ass bekannt dofir, dass en des Ëfteren op reliéis Toille moolt. Sou kann een dann och scho mol déi eng oder aner Figur aus der Bibel entdecken – gemëscht mat Allusiounen un dem Kënschtler säin Ëmfeld. Den Ingo Schandeler war och vum Banksy sengem Stéck „Season’s Greetings“ inspiréiert – just dass bei him d’Waasser vum d’Atomkraaftwierk verknascht gëtt amplaz vum Kamäin.

Allgemeng schénge vill Stécker awer och vun der aktueller Situatioun inspiréiert ze sinn.