D'Opreegung war grouss e Freideg beim Serge Tonnar, no engem Joer am Waardesall konnt hien nees op der Bün stoen.

Bis zu 1.000 Leit konnten e Freideg an der Rockhal de Serge Tonnar a seng Band kucken a lauschtere goen. Jo, richteg gelies, 1.000 Leit. Dat am Kader vum Pilotprojet "Because Music Matters", dee vun der Rockhal an enker Zesummenaarbecht mat der Inspection sanitaire organiséiert gëtt. Zil ass et, sech un d'Pandemie unzepassen a Concerte méiglech ze maachen.

Serge Tonnar an der Rockhal / Reportage Monica Camposeo

D'Opreegung war grouss e Freideg beim Serge Tonnar, no engem Joer am Waardesall konnt hien nees op der Bün stoen. D'Gefill, viru reelle Leit opzetrieden, ass eben net mat engem Publikum hannert dem Bildschierm ze ersetzen.

"Mir sinn natierlech zimmlech opgereegt. Mir hunn et net ganz bis 1.000 Leit gepackt, mee eng 600 Leit sinn den Owend [Freidegowend] hei. Dat ass jo awer ee vun de gréissten Evenementer zanter Februar/Mäerz d'lescht Joer. Eis Erausfuerderung ass et, de Fonken trotz de ganze Konditiounen eriwwer ze bréngen."

D'Konditiounen, dat si Masken an Distanz an e Schnelltest virun der Rockhal. Mat engem negative Resultat geet et dann eran. Ma d'Leit, déi e Freideg den Owend dobäi waren, huet dat net gestéiert.

De Pilotprojet "Because Music Matters" gesäit och e nodréiglechen Tracing vir. Mam Kaf vum Entréesticket engagéiere sech d'Leit nämlech, eng Woch nom Concert e PCR-Test ze maachen.

Eng éischt Serie vu 5 Concerte gouf et schonn am Februar. Deemools awer mat nëmme maximal 100 Leit. Den Etienne Ehmann vun der Inspection Sanitaire: "De Prinzip war deen nämmlechten. Also d'Leit gi getest, ier se an de Concert eraginn an dann awer och 6 Deeg duerno nach eng Kéier. Op engem vun deenen Eventer hate mer effektiv de Fall, dass Leit um Owend selwer negativ getest goufen, mee dann awer eng Woch drop positiv. Den Tracing huet awer erginn, dass déi Leit sech net um Concert infizéiert haten. Wat fir eis natierlech och eng wichteg Ausso ass."

Fir dass et esou gutt klappt, sinn d'Mesuren och ganz strikt. Jiddereen huet eng festgeluechte Sëtzplaz an dobannen iessen an drénken dierf een net.

E Concert, wéi een et viru Corona kannt huet, ass et also net grad, ma an awer geet et mat esou Pilotprojeten ëmmer méi a Richtung Normalitéit. Den Olivier Toth, CEO vun der Rockhal: "Par rapport zu deem wat mer am Februar gemaach hunn, ass et elo esou, dass d'Leit op hirer Plaz kënnen opstoen an danzen. Sou dass mer deem Gefill vun engem Concert awer e Stéck méi no kommen."

An esou soll et och weidergoen. Deen nächste Concert ass an der Rockhal scho fir Ufank Juni geplangt.