Engersäits kann een am Kader vun der 8. Editioun vum internationale Skulpturesymposium Kënschtler beim Schafe vun originelle Wierker nokucken.

Anerersäits kann een um éischte Salon de la sculpture déi verschiddenste Kreatioune vun nationale Sculpteuren entdecken an och kafen.

Schonn déi ganz Woch iwwer gëtt an där aler Déifferdenger Sportshal Stol gebéit, gehummert a geschweesst. Nach bis e Sonndeg bréngen hei international Sculpteuren dem Public d'Handwierk vun der Skulptur méi no.

Normalerweis ass de Symposium, deen all zwee Joer organiséiert gëtt, ënnert fräiem Himmel, op Plazen, wou vill Passage ass. Ma wéinst där schlechter Wiederlag an deene leschte Wochen huet ee sech dëst Joer missen en Ënnerdaach sichen. Wien net dozou kënnt op d'Plaz luussen ze goen, dee kann de Finissage vun deene metalle Konschtwierker och duerch Videoen op deene soziale Netzwierker vum Ale Stadhaus verfollegen.

E puer Meter méi wäit, am Hall O erwaarden een dann net nëmme Stol, ma och Holz, Steen an deene verschiddenste Formen a Faarwen. Mam 1. Salon de la sculpture wëll een déi plastesch Konscht fir de breede Public méi accessibel maachen a virun allem de Lëtzebuerger Sculpteure méi Visibilitéit ginn.

Ganzer 21 national Kënschtler sinn um Salon de la sculpture vertrueden:

Tom Flick, Wouter van der Vlugt, Lukas Arons, Katarzyna Kot-Bach, Yvette Gastauer-Claire, Laure Mackel, Assy Jans, Marie-Josée Kerschen, Rita Sajeva, Rafael Springer, Menny Olinger, Mario Vandivinit, Gérard Claude, Fabienne Goerens, Iva Mrazkova, Karolina Pernar, Florence Hoffmann, Anne-Marie Grimler, Myriam R Schmit, Rol Backendorf an Ellen van de Woude.

Nach bis e Sonndeg den Owend 19 Auer kann een déi vill verschidde Konschtwierker am Hall O bewonneren an och kafen.