"City Sounds" heescht de Projet, deen ënner anerem den "Gentleman", de "Sido" oder och "Meute" op Lëtzebuerg bréngt.

Den Optakt vu "City Sounds" mécht de 6. August en "Tribute to the Beatles-Concert". Den Dag dono huet "Meute" de Glacis am Grëff. Sonndes ass et dann um "Axelle Red" an den 9. August trëtt de "Loïc Nottet" op. A klengen Highlight sinn dann um Dënschdeg den "Gentleman" respektiv en Donneschdeg de "Sido". Ofschloss mécht freides den 13. August de "Majan". Organiséiert gëtt dëst vun der Stad Lëtzebuerg zesumme mam Atelier.

Eng 700 Leit solle bei dëse Concerten dobäi dierfe sinn. An der Woch virun de Concerte gëtt um Glacis en Open-Air-Kino organiséiert. Hei si mam Covid-Check 550 Plaze méiglech, grad wéi awer och an Autokino.