De Mathias Schou, esou säi biergerleche Numm, war e Maacher Spillmann, deen ëm d'18. Joerhonnert uechter d'Land op Fester gesongen huet.

30 Joer Blannen Theis zu Maacher / Rep. Danielle Goergen

30 Joer ass et hier, datt zu Gréiwemaacher d'Foussgängerzon an d'Monument vum Blannen Theis ageweit goufen. 1991 gouf hie vum Lëtzebuerger Kënschtler Wil Lofy veréiwegt an ass och Haut nach ëmmer e beléifte Personnage zu Maacher.

Déi bronze Skulptur weist de blanne Museker mat senger Gei, wéi en e Lidd spill, well hie soll deen éischte gewiescht sinn, deen an eiser Sprooch gesongen huet. Vun ënne kuckt mat treiem Bléck säin Hond erop, dee genee wéi dem Blannen Theis seng Fra op all Kiermes a Fest dobäi war. Esou huet hien als Spillmann säi Liewen verdéngt, erkläert eis d'Maacher Schäffin Monique Hermes: "E Spillmann huet ee gedankt. Dat ass am Fong en alt Wuert fir „lounen". Et huet een hie gelount fir eng Zäit. Deemools waren d'Fester ganz anescht wéi Haut. Eng Hochzäit konnt deemools alt mol dräi Deeg daueren an och eng Kanddaf huet alt gedauert. Op deene Fester ass de Blannen Theis opgetrueden, vu Kiermes zu Kiermes gezunn an huet do seng Liddercher gespillt. Do huet hien natierlech säin Drénkgeld kritt."

De Blannen Theis ass ganz aarm zu Eech gestuerwen. Wou dunn an den 80er Joren déi nei Foussgängerzon zu Gréiwemaacher entstanen ass, sollt keen anere wéi de Wil Lofy de blanne Museker veréiwegen. Zanter hir spillt hien nees zu Maacher seng Gei. "Alles dat, wat Volkstum war, dat ka kee besser wéi de Lofy. Wéi koum de Blannen Theis dann an d'Literaturgeschicht? Ma ganz einfach: Hie war wäitleefeg Famill mam Dicks an deen huet e Gedicht iwwert hie geschriwwen. Dat huet geheescht „Ech sinn de Blannen Theis!"", esou d'Monique Hermes weider.

Soss erënnert net vill un de Blannen Theis. Eng eenzeg Zeechnung gëtt et vum him, un där huet sech de Lofy inspiréiert. De kromme Fanger un der Skulptur ass deemno kee Feeler, mee genee sou op der Zeechnung ze gesinn. Den Historiker Jean Welter huet seng ganz Geschicht deemools opgeschafft an dokumentéiert, erzielt d'Monique Hermes an huet esou e wichtegt Stéck Kultur erhalen. "Et ass e groussen Deel vum Lëtzebuerger Kulturierwen. Där hu mir der méi. Hei zu Maacher hu mir „d'Soen a Legenden" mä dat do wier immens schued gewiescht wann et net erhale gi wier a wa mir et net géifen héich halen", fënnt d'Maacher Schäffin.

Iwwert d'Jore gouf eng Strooss nom Mathias Schou benannt, et koum e Buch iwwert de Museker raus an et goufen Timbere gedréckt. D'Geschicht vum Blannen Theis gouf op vill verschidde Manéieren opgeschafft.

Och d'nächst Joer gëtt et zu Gréiwemaacher vill ze feieren. Ënnert anerem 230 Joer Goethe an 100 Joer Muselpromenad.  An deem Kader sinn eng Ganz Rei Evenementer fir de nächste Summer geplangt.

Hei fannt Dir de Communiqué vun der Gemeng Gréiwemaacher.