No enger erfollegräicher Editioun 2018 mam Sänger Sting virun den Héichiewen um Belval, ass den "Open Air Belval" 2022 mat der Hip-Hop-Band zeréck.

Am Kader vum Kulturjoer "Esch 2022" kënnt d'Band de 15. Juni 2022 fir een Open-Air-Concert virun den Héichiewe bei der Rockhal op Lëtzebuerg.

D'Tickete fir de Concert vu Black Eyed Peas ginn den 2. November um 10 Auer um Site vun der Rockhal an de Virverkaf.

Mam Stacy Ferguson, och "Fergie" genannt, dat sech 2003 dem Trio aus Los Angeles ugeschloss huet, ass der Band den Duerchbroch mat hirem drëtten Album "Elephunk" gelongen. An de leschte 25 Joer huet déi amerikanesch Band The Black Eyed Peas sechs Grammy Awards gewonnen a sech mat Lidder wéi "Where Is The Love?" a "Pump It" op der ganzer Welt an d'Charts katapultéiert.

Och hiren aachten Album "Translation" ass no der Verëffentlechung 2020 zu engem internationalen Erfolleg ginn. Den Album, an deem Kollaboratioune mat Kënschtler wéi dem J Balvin, dem Shakira an Nicky Jam sinn, gouf aacht Mol bei de Billboard Latin Music Awards nominéiert.