Fir Kleng a Grouss gëtt et e spannende Programm: Vu Concerten am Veianer Schlass bis zu engem Workshop fir déi méi jonk Gäscht.

E Samschdeg den Owend war zu Veianen eng méi lass. Do war nämlech den Optakt vun de MusicDays, wou eng Rëtsch Lëtzebuerger Ensembelen an zwee international Gäscht dëst Joer drun deelhuelen.

D'lescht Joer goufen d'MusicDays jo fir d'éischt Kéier organiséiert mat der Iddi, e puer Concerten a verschiddene Stiler op enger interessanter Plaz unzebidden. Wéinst der Pandemie war den Evenement dunn awer bësse méi kleng ausgefall wéi dat u sech geplangt war. Trotzdeem wier ee ganz zefridde mam Resultat gewiescht a wier gespaant, wéi de Public dëst Joer, wou den Evenement kéint a senger geplangter Form sinn, géif reagéieren, sou de Marc Jacoby, deen d'MusicDays mat organiséiert.

E Samschdeg ass et am Veianer Schlass mat enger Uropféierung vum Camille Kerger sengem Lidderzyklus „Auf der Zunge" lassgaangen. Deen huet hie wärend dem éischte Lockdown geschriwwen a sech heibäi vum Sascha Ley sengen Texter inspiréiere gelooss.

Am Ganze wäerte 5 Concerte gespillt ginn, wouvunner der 4 am Schlass sinn an een an der Trinitianerkierch. Ënnert den Ensembele sinn och zwee auslännesch Gäscht mat dobäi: den Ensembel „Pyramide" vun Zürech an de „Quatuor Amôn" vu Bréissel. Donieft kommen e Sonndeg de Moien och déi 4 bis 8 Joer al Kanner op hir Käschten. An zwar gëtt do zwee Mol „Die Geschichte von Babar, dem kleinen Elefanten" gespillt an ee Workshop organiséiert.