Si ass eng vun den erfollegräichste Fraen an der Welt vu Rap an Hip Hop. Fir hiert musikalescht Wierk ze éieren, gouf et e Stär um berüümte "Walk of Fame".

Déi 50 Joer al Kënschtlerin huet sech geréiert gewisen iwwert d'Auszeechnung. Si hätt e laange musikalesche Wee hannert sech. Grad an der Hip Hop- an R'n'B-Zeen, déi haaptsächlech vu Männer dominéiert gëtt, ass et net ëmmer einfach, sech als Fra duerchzesetzen.

Hiren Debut als Solokënschtlerin hat si 1996, wéi si als Gaascht-Rapperin a Background-Sängerin op der Single "Cold Rock a Party" vun MC Lytes ze héiere war.  Am selwechte Joer huet d'US-Amerikanerin bei Elektra Records ënnerschriwwen. Grouss erauskomm ass si 1997, wéi si zesumme mam Produzent Timbaland hiren Debutalbum "Supa Dupa Fly" erausbruecht huet. Weltwäit huet d'Musekerin et domat an d'Charts gepackt.

RTL

© Emma McIntyre / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Si ass awer net just als Rapperin täteg, ma och als Songwriterin a Museksproduzentin. Sou huet si zum Beispill Lidder fir d'Christina Aguilera, Destiny's Child, d'Pink, d'Janet Jackson, d'Mariah Carey, an d'Whitney Houston geschriwwen, dacks an Zesummenaarbecht mat Timbaland.

Wéi wichteg hir Musek ass, huet ënnert anerem d'Gaaschtriednerin Ciara ënnerstrach. "Du weess guer net, wat s du fir esou vill schwaarz Meedercher gemaach hues", huet hir Kolleegin Lizzo betount.

Zu de bekanntste Lidder vum Missy Elliott zielen ënnert anerem "Get Ur Freak On", "The Rain (Supa Dupa Fly)", "Work It", "Gossip Folks" a "1, 2 Step".