Music Made in Luxembourg
Neie Video vum Josh Island

Daagsiwwer schreift hien Artikele fir RTL TODAY, Owes ass hie mat der Gittar ënnerwee.
Den Josh Island huet ënner anerem leschte Freiden (12. November 2021) am Virprogramm vum Oscar Leone an der Rockhal seng Live-Qualitéiten ënner Beweis gestallt. An de leschte Joer huet den Josh wäit iwwer 300 Concerte gespillt, europawäit, dorënner och Support-Shows fir Kënschtler wéi James Morrison a Mighty Oaks. Aus senger rezenter EP Love Don't Come Easy goufe schonn eng Rei Stécker ausgekoppelt, dorënner och den Titeltrack, deen zënter haut (18. November 2021) och e Video huet.
Vill Spaass beim Kucken.
Video Love don't come easy
Den Josh Island op Spotify
Am meeschte gelies