Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg och nees déi beléiften RTL-Dictée.

Wie packt et, déi mannst Feeler ze schreiwen? Vläicht och an alle 4 Sproochen?

No der leschter Online-Versioun wéinst der Pandemie war déi 26. Editioun vun eiser Dictée nees an déi gewinnten traditionell Richtung, wann och mat limitéierter Persounenunzuel an dëst Joer an der Buvette um 1. Stack vun der Hal 2.

Och dës Kéier waren d'Leit opgeruff, hir Sproochekenntnisser ënner Beweis ze stellen. Matschreiwe konnt een tëscht 10 an 12 Auer op 4 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Och doheem huet dierfe matgeschriwwe ginn. D'Dictée konnt op dictee@rtl.lu gemailt ginn. Déi 30 éischt gi verbessert a bewäert.

D'Gewënner dierfe sech iwwert e flotte Kaddo freeën, ma och d'Matmaache gëtt belount. Bei dëser Editioun waart och nach eng kleng extra Iwwerraschung op d'Participanten.

Bis e Sonndeg 18 Auer sinn och nach d'Walfer Bicherdeeg. Béid Evenementer sinn e CovidCheck-Event.

Impressiounen op der RTL-Dictée 2021

Dictée op Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesch Dictée

D'Moustiquë/Mustike waren de leschte Summer manner benzeg wéi am Summer vum viregte Joer. Wann et stëmmt, datt/dass d’Insekten um Ausstierwe sinn, da war dat Gepicks nach dat klengstent Iwwel.

Mat deem ganze Klimagewandels kommen och déi al Bauerereegelen duercherneen. Soss housch et ëmmer: Wat den August net kacht, dat muss de September broden. Haut kéint ee bal soen: Wat den August ersäift/ersëft, dat muss de September erëm dréchenen.

Oder dat hei: D’Waasser läscht d’Feier, awer d’Feier gëtt d’Waasser net Meeschter. Dat stëmmt och nëmmen hallefweegs. Wann d’Feier d’Waasser esou laang ophëtzt, bis et verdonst/verdonscht ass, huet d’Feier gewonnen.

Klimawandel a Pandemie, bei dësen zwee Theme/Theeme gëtt et ëmmer méi schwéier, déi zwéi Campen, mat deenen derfir an deenen dergéint, auserneenzehalen. Impfgéigner a Klimaskeptikerinne kréie sech dowéinst reegelméisseg an d’Hoer.

Zu Ënsber um Stau, an och an der Stad op der Kinnekswiss, huet d’Police en ettlech/etlech Barbecuë confisquéiert/konfiszéiert an e sëllege Recidiviste protokolléiert, well se sech net un d’Geste-barrièrë gehalen haten.

Wann och nëmmen d’Hallschent vun deene Millioune Piqûrë/Picküre géint de Virus, an engems géint d’Verbruetheet immuniséiert hätten, da wiere mer elo aus deem Graffsten eraus.

Jemp Schuster

Gewënner am Lëtzebuergeschen

1. Steffi Hulsbosch, 10 Feeler
2. Liette Bour, 13 Feeler
3. Marie-Line Muller, 17 Feeler

Online

1. Mireille Garson, 4 Feeler
2. Jessica Hubert, 6 Feeler
3. Nathalie Maillet, 7 Feeler

Dictée op Franséisch

Franséisch Dictée

Vu la saturation et l’agacement d’une partie du public, je m’abstiens de parler de la pandémie. Rappelons en revanche les malversations éhontées qui se sont manigancées en coulisses, pour créer en tapinois des faits accomplis qui en temps normal, auraient conduit à une levée de boucliers généralisée. Grâce à un tour de passe-passe, la discussion attendue sur la privatisation progressive de l’école publique, dénoncée par une pétition officielle, s’est limitée  à la partie congrue  dans le public et la presse.

Eh oui ! Dans une société dont la seule valeur est le fric, l’esprit critique, la liberté d’expression, le développement personnel du plus grand nombre n’ont pas la cote.

Ce qui compte c’est qu’à l’école pour tous, les futures générations soient formatées pour s’intégrer sans faille dans un système organisé par des managers agissant selon les directives et au profit de toujours les mêmes lobbys.

Jean-Claude Frisch

Gewënner am Franséischen

1. Alex Murzynski, 0 Feeler
2. Nicole Eischen, 3 Feeler
3. Liette Bour, 4 Feeler

Diktat op Däitsch

Däitsch Dictée

Von klein auf

Die exquisiten elitären Koryphäen der Kinderpsychologie wähnen sich im Vorteil, denn wider besseres Wissen insinuieren sie das Porträt in puncto Waisen ausschließlich anhand behänder filigraner Zuwiderhandlungen. Akkurate Maßnahmen werden endlich aus dem Effeff gedeichselt. Die annullierte Gewährleistung respektive die Prävention durch Physiotherapeuten ist nicht für jedermann substanziell (substantiell) intuitiv. Inwieweit sich die Kommilitonen jäh auf ihre Rhetorik beschränken müssen, wenn sie sich nicht zu viel aufblähen wollen, sei dahingestellt. Das wäre nicht wiedergutzumachen und dann könnte man nur todunglücklich dreinschauen. Saßt ihr damals auf den Knien, hältst du heute Nachmittag ein solches Phänomen im Akkusativ für eines der minderen Art. Ach du liebes bisschen, eine solch hanebüchene Aggressivität wäre dilettantisch und keine Lappalie! Solch eine obsolete Sisyphusarbeit platziert sich in den Annalen und geht außerdem ins Portemonnaie (Portmonee), denn dieses Kumulieren ist alles, bloß nicht unentgeltlich.

Roland Schumacher

Gewënner am Däitschen

1. Marie-Line Muller, 8 Feeler
2. Andy Hardt, 10 Feeler
3. Sascha Hanff, 13 Feeler

Dictation op Englesch

Englesch Dictée

The Magic World of Children in Literature

You might say that Piglet's personality was, for me, the pinnacle of pleasantness - even if some see him as slightly pusillanimous.

’Twas brillig, and the slithy toves
Did gyre and gimble in the wabe:
All mimsy were the borogoves,
And the mome raths outgrabe.

Scrumdiddlyumptious is the opposite of uckyslush. What a splendidferous occasion this is. Our PM was recently crodsquinkled on his university thesis. Perhaps he had a few trogglehumpers over it! (bad nightmares).
For most, this would be a catasterous situation, but Bettel was merely biffsquiggled (confused) by the whoppsy-whiffling situation, and remains radiantly hopscotchy.
Enough of this flushbunking dictee!

Lisa Burke (in cooperation with Martin Jonsson, Chef d’Equipe for RTL Today)

Gewënner am Engleschen

1. Alex Murzynski, 2 Feeler
2. Claire Albrecht, 3,5 Feeler
3. Lisa Bodé, 7,5 Feeler

Iwwerraschungsdictée vu Kanner

Kanner-Dictée

Paul Simon aus der Klass Courte
Text:

Eizi, eizi, klengen Tockskapp,
huel deng Féiss mol an de Grapp!
Aarmen Däiwel, aus dem Bett,
d’Bëtschel ass nach guer net fett!

Yannis Barnich aus der Klass Scholer
Text:
Träntel net a jauf mol lass,
dee Leschte gëtt vum Fuuss gebass.

Lina Tir aus der Klass Courte
Text:
Eng Rees ass gutt fir Been a Kapp,
looss d’Heibleifskärche schéin am Schapp!

Gewënner vun der Kannerdictée

1. Liette Bour, 3 Feeler
2. Steffi Hulsbosch, 4 Feeler
3. Patricia Terreri, 4 Feeler

RTL

© RTL Archivbild