Mat 41 Joer, quasi um Héichpunkt vu senger Karriär, krut de José Carreras d'Diagnos vun enger akuter lymphatescher Leukemie.

Trotz de pessimistesche Prognose vun den Doktere konnt duerch eng neiaarteg Knachemuerchtransplantatioun an dem Carreras säi enormen Iwwerliewenswëllen d'Krankheet iwwerwonne ginn an no engem Joer war de Sänger nees kapabel fir op der Bün ze stoen.
Gebuer zu Barcelona als Josep Maria Carreras i Coll huet d'Famill Spuenien 1951 wéinst dem Franco-Regime verlooss, ass awer no 1 Joer nees zeréckkomm. De José huet ufanks Chimie studéiert huet sech awer uschléissend fir Gesang um Conservatoire vu Barcelona ageschriwwen. Säin Debut als Sänger hat en 1970 am Operenhaus vun der katalanescher Haaptstad.
Weider bemierkenswäert Optrëtter goufen et an de Joren duerno zu New York, San Francisco, Buenos Aires, Wien, London, a Mailand.

No senger Krankheet an Heelung huet de José Carreras 1988 aus Dankbarkeet seng international Leukemie-Stëftung Fundación Internacional José Carreras para la lucha contra la leucemia gegrënnt mat där e bis haut ronn 1/4els Milliard Euro fir de Kampf géint de Kriibs konnt sammelen.
A wéi en 1990 am Kader vun der Foussball-WM an Italien zesumme mat Plácido Domingo a Luciano Pavarotti virun engem Millioune-Publikum gesongen huet, war em de Ruff vum Weltstar definitiv garantéiert.

RTL

© Decca Classics / Vivianne Purdom

E weideren Héichpunkt war sonner Zweiwel säin Duo mat der Sarah Brightman 1992 fir d'Olympesch Summerspiller a senger Heemechtsstad. Eng Kompositioun vum Andrew Lloyd-Webber, déi den Tenor elo och an déi weltwäit Charts bruecht huet.

2009 huet en sech vun der Operebün zeréckgezunn fir dunn awer 2014 zu Bilbao säin triumphale Comeback ze feieren. Am September dëst Joer war et dunn awer den definitiven Äddi mat enger Gala un der Wiener Staatsoper.

De José Carreras war 2 mol bestuet, huet 2 Kanner a säin Neveu David Giménez ass en international unerkannten Dirigent. De Sänger selwer ass e fervente Supporter an och Member vum FC Barcelona.

RTL

© Deutsche José Carreras Leukämie-Stiftung e.V.

►Link bei d'Carreras-Stëftung