De Lëtzebuerger Artist Filip Markiewicz ass mat sengem Video bei der 13. Editioun vum Moudefilmfestival och ënnert den Nominatiounen.

De Kënschtler huet de Video fir "Damage Control", an deem d'Lëtzebuerger Acteuren Marie Jung, Luc Feit a Leila Lallali matspillen, wärend senger Theaterproduktioun "Euro Hamlet" um Lausitz Festival dëse Summer gedréit.

Déi 13. Editioun vum ASVOFF-Festival, déi vum 1. bis den 3. Dezember dauert, steet dëst Joer ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet, der Digitaliséierung an der Vilfalt. Nieft dem "Damage Control" sinn nach 89 weider Filmer a Videoen nominéiert.

Dëst Joer stellt de Festival dann och den "Public Choice Price" vir, bei deem de Public opgefuerdert gëtt, iwwert déi amerikanesch Plattform FNL Network, déi all d'Filmer ausstralen, fir hiert d'Liblingswierk ofzestëmmen. D'Präisiwwerreechung soll dann um Enn vum dräi Deeg laangen Event sinn, déi als "Hommage un d'Villsäitegkeet vum Moudefilm" geduecht wier.

Och dëst Joer gëtt et eng prestigiéis Jury. Ënnert anerem gëtt se vum kanadesche Regisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller Bruce Labruce geleet a setzt sech aus verschiddenen Acteuren aus der Branche zesummen. Dorënner och d'Moudendesigner Lutz Huelle an Andre Walker souwéi d'Vize-Direktesch vun der italieenescher Vogue, d'Sara Sozzani Maino.

RTL