An dësem Top Secret geet et héich an den Norden, an d'Klouschter Fünfbrunnen, och nach Pafemillen genannt, dat Ugangs vum 20 Joerhonnert gebaut gouf.

Idyllesch an ofgeleeën tëscht den Éisleker Koppen - eng Plaz, déi an de leschte Jore virop Visiteuren empfaangen huet, fir z.B eng Faaschtekur ze maachen, ze wanderen, Rou ze fannen oder och Studenten, déi sech hei op hir Exame preparéiert hunn. Fréier war et och e Noviziat, wou jonk Geeschtlecher forméiert goufen.

Iert déi lescht Häerz-Jesu-Pateren dëser Deeg erausplënneren, krute mir nach emol en Abléck an dës historesch Gemaier. Dorënner déi Plazen, déi een als Gaascht net gesinn huet, wéi de Paterstack, de Späicher oder nach de fréieren Ducksall. D’Klouschter wäert an Zukunft eng nei Funktioun kréien als Centre de rencontre et de memoire fir d’Affer vun der Shoa, wou och pedagogesch Programmer fir d'Jugend ugebuede ginn.

Tëscht 1941 an 1943 haten den nationalsozialistesche Regime d'Pateren enteegent an d’Pafemillen als Sammellager fir d'Deportatioun vun de Judde genotzt, iwwer 350, déi vun do aus an d'Konzentratiounslager verschleeft goufen. 11 Mënsche sinn nach am Klouschter gestuerwen a goufen och do bäigesat. Déi däischterst Zäit an der Geschicht vun der Pafemillen.

Op RTL Play fannt Dir all d'Episode vun der Emissioun Top Secret.