Den éischten Deel vun der bekannter Harry-Potter-Saga ass 1997 erauskomm. Eng Éischtausgab vum Roman koum elo fir e Rekordpräis ënnert den Hummer.

Ufangs koume just 500 Exemplare vum Joanne K. Rowling hirem Roman eraus. Déi meescht Bicher ware fir Bibliothéiken a Groussbritannien geduecht. Mëttlerweil goufen iwwer 500 Millioune Bicher ronderëm den Zauberer Harry Potter an iwwer 80 Sprooche verkaf. Dowéinst ass de Sammlerwäert vun enger vun den éischten Ausgabe bannent de leschte Joren immens geklommen.

Fir 471.000 Dollar, ëmgerechent 417.000 Euro, gouf zu Dallas an den USA ee vun den éischten Exemplare vun "Harry Potter and the Philosopher's Stone" versteet. Iwwert de Keefer ass bis ewell näischt gewosst. Nach ni virdrun huet eng Persoun esou vill Geld fir een Harry-Potter-Buch op den Dësch geluecht. Dëst ass iwwerdeems och en neie Rekord fir e kommerziell verëffentlecht Wierk aus dem 20. Joerhonnert. Den Ufankspräis louch bei 75.000 Dollar. Dëse gouf wärend der Auktioun awer relativ séier vun e puer Interessenten an d'Luucht gedriwwen.