Säin éischte Roman huet 1856 en neit Kapitel an der Geschicht vun der Weltliteratur agelaut.

Wéi dat jonkt Emma den Dokter vum Land Charles Bovary kenneléiert, dreemt et vun der grousser Léift, Passioun a Luxus. D'Liewen an der Provënz ass awer en anert. D'Emma gëtt onzefridden, léisst sech emotionell a finanziell verféieren fir sech um Enn aus puerer Verzweiwlung selwer ze vergëften.

RTL

"Madame Bovary" spillt an der Normandie, do wou den Auteur Gustave Flaubert den 12. Dezember 1821 op d'Welt koum. Schonn a jonke Joren huet de Flaubert seng Zäit mat Schreiwe verbruecht, seng Manuskripter huet en awer ni publizéiert - e war der Meenung, datt seng Wierker nach net gutt genuch waren. Eréischt 1856 koum am Feuilleton vun der Zeitung "Revue de Paris" säi Roman "Madame Bovary" eraus, un deem e 4 Joer laang geschafft hat a mat deem en neit Kapitel an der Weltliteratur sollt agelaut ginn.
Et war den Iwwergang vun der Romantik an de Realismus. De Flaubert huet aus der Distanz, neutral a scho bal ouni Emotiounen iwwert eng Fra geschriwwen, déi hirem Mann ontrei gëtt a friem geet. Seng Protagonistin ass keen Held oder Anti-Held, et ass eng Duerchschnëttspersoun, déi um Enn wuel tragesch awer ouni Melodrama aus dem Liewe geet. An dat aus enger onparteiescher a sachlecher Vue vum Auteur, déi deemools, Mëtt vum 19. Joerhonnert, vill Leit skandaliséiert huet.
Seng "Madame Bovary" huet dem Gustave Flaubert, direkt no der Publikatioun, e Prozess wéinst Verstouss géint déi biergerlech Moral abruecht. Den Auteur gouf, och wéinst engem clevere Plädoyer vu sengem Affekot, fräigesprach a wéi de Roman 1857 och als Buch erauskoum, war et, ewéi sou dacks en esou Fäll, e grousse Succès.
Manner Erfolleg awer nach méi Afloss op d'Entwécklung vum modernen europäesche Roman hat seng "Éducation Sentimentale" vun 1869.

RTL

De Flaubert war, zesumme mat Balzac a Stendhal, ee vun de beschte literaresche Stilisten a Piliere vum franséische Realismus. Anengems huet en de Flair vu senger Heemecht Normandie wäit eraus an d'Welt gedroen.

RTL

Gustave Flaubert - Portrait vum Eugène Giraud (1806 - 1881)