Bei eisen Noperen ass dëst Joer näischt virun den Abba Album "Voyage" komm, dee 400.000 Mol verkaf gouf an 3 Wochen op Plaz 1 stoung.

Keen aneren Album dëst Joer hat dës Zuele geknackt. Op d'Plaz 2 konnte se domadder d'Helene Fischer mam Album "Rausch" drécken. Drëttbeschten Album vum Joer 2021 gëtt "Power up" vun AC/DC.

Kuckt ee sech just d'Singlen un, esou war et "Wellerman" vum Nathan Evans, deen op Plaz 1 koum a ronn 800.000 Mol verkaf gouf.  Dohannert koum "Bad Habits" vum Ed Sheeran an "The Business" vum Tiesto.