D'amerikanesch Schrëftstellerin Anne Rice ass gestuerwen

© Joe Scarnici - AFP
Si war virun allem bekannt fir hir Vampir-Romaner, déi ënnert dem Numm "The Vampire Chronicles" tëscht 1976 an 2018 op de Maart komm waren.
Wéi hire Bouf Christopher matdeelt, ass se no Komplikatiounen no engem Schlag gestuerwen, dëst bal 19 Joer, nodeems och hire Mann scho verstuerwe war.
Tweet Christopher Rice
Am Dezember 1998 war Diabetes bei der Anne Rice ausgebrach, wouduerch se zäitweis an en diabetesche Koma gefall war. Zanterhier huet si sech fir d'Fréierkennung vun Diabetes agesat.
Hiert éischt Buch iwwer Vampiren war 1976 erauskomm "Interview with the Vampire". Well dëst Buch international e risege Succès hat, huet Si decidéiert weider Vampir-Romaner ze schreiwen. Déi éischt Fortsetzung koum 1985 mat "The Vampire Lestat". 2004 krut se de "Bram Stoker Award" fir hiert Liewenswierk.
Nieft de Vampir-Romaner huet d'Anne Rice awer och ënnert de Pseudonymmen Anne Rampling, A. Roquelaure an A.N. Roquelaure divers Erotik-Romaner mat staarkem BDSM-Bezuch verëffentlecht.
Zanter 2003 huet se un enger Roman-Serie iwwert d'Liewe vu Jesu Christi geschafft. Am November 2005 koum dat éischt Band "Christ the Lord: Out of Egypt. Dat Buch gouf 2015 ënnert der Regie vum Cyrus Nowrasteh mam Titel "The Young Messiah" verfilmt. Dat zweet Band "The Road to Cana" koum am Mäeru 2008 an den Handel.