20 Joer nom Doud vum Museker ass en offizielle Video zu sengem Hit "My Sweet Lord" verëffentlecht ginn - mat ville prominente Gäscht.

An deem siwe Minutte laange Video hunn iwwer 40 Kreativer matgewierkt. Ënnert anerem dem George Harrisons säi fréiere Bandkolleeg Ringo Starr, de Schauspiller Mark Hamill an de Regisseur Taika Waititi. Och dem Harrison seng Wittfra Olivia a säi Bouf Dhani, deen de Video koproduzéiert huet, sinn ze gesinn.

Publizéiert gouf de Clip fir de 50. Joresdag vum Album "All Things Must Pass", op deem "My Sweet Lord" eng éischte Kéier ze héiere war. "My Sweet Lord" war de gréissten Hit vum Ex-Beatles-Member a gëllt als ee vun de bekanntste Plagiater vun der Museksgeschicht.

D'Lidd hätt nämlech vill Glach mam Lidd "He's So Fine", dee siwe Joer virdru vun der amerikanescher Girlgroup "The Chiffons" opgeholl gouf. Et koum zu engem Plagiatsprozess, nodeem den George Harrison ronn 1,6 Milliounen US-Dollar un e Museksverlag huet misse bezuelen, well hien - anscheinend onbewosst - kopéiert hätt.

De Video follegt de Schauspiller Fred Armisen a Vanessa Bayer, déi als Spezialagenten op enger geheimer Missioun sinn, bei där si vill weider Staren treffen. D'Sich vun deenen zwee hält schlussendlech op, wéi si "My Sweet Lord" am Radio héieren. Wéi et um Site vum George Harrison heescht wieren d'Agenten "op der Sich no eppes, wat net ze gesinn ass". De Kuerzfilm géif domat "déi sichend Natur vum Song" rëmginn.

De legendäre Leadgittarrist vun de Beatles ass den 29. November 2001 zu Los Angeles u Kriibs gestuerwen a gouf 58 Joer al.