En éischter aussergewéinlechen Album huet et an den Charts viru Mega-Stare wéi Abba oder The Weeknd gepackt.

30 Joer laang huet den David Stewart domat verbruecht, d'Kläng vun der australescher Wildnis opzehuelen. Um Album „Songs of Disappearance" sinn Opname vu Villercher ze héieren, déi vum Ausstierwe bedrot sinn. Nodeems den Album Ufank Dezember op de Marché koum, gouf an de sozialen Netzwierker eng Campagne lancéiert. D'Suen, déi duerch de Verkaf erakommen, sollen engem BBC-Bericht no u BirdLife Australia gespent ginn. Eng Campagne mat engem eeschtem Hannergrond: All sechst Villerchersaart an Australien gëllt als menacéiert, heescht et vun der Charles Darwin Universitéit. Vill Déieren hunn hire Liewensraum duerch déi uerg Bëschbränn virzejoert an zejoert verluer.