Am Kader vun Esch2022 fënnt déi amerikanesch Rockband "The Killers" nees eng Kéier de Wee op Lëtzebuerg.

Mat am Gepäck hu si hiren neisten Album "Imploding The Mirage" vun 2020, deen an den Top 200 vun den US-Billboard-Charts bis op d'Plaz 6 gepackt hat. Am August eréischt huet d'Band ëm de Frontmann a Sänger Brandon Flowers, den Drummer Ronnie Vannucci, de Gittarist Dave Keuning an de Bassist Mark Stoermer, hir Geschicht a Form vun Dokumentatioun erausbruecht. Mat der Doku "Pressure Machine" hu si et dann och a Groussbritannien fir déi 7. Kéier op d'1 gepackt.

Dësen Open-Air-Concert Concert ass organiséiert vun der Rockhal an Zesummenaarbecht mat Esch2022, der Gemeng Esch, dem Fonds Belval, Agora a lokalen Autoritéiten.

D'Tickete ginn e Mëttwoch, 22. Dezember, an d'Vente op Rockhal.lu

RTL