D’Kulturhaus Miersch huet d'Chanson-Owender mam Yannchen Hoffmann missen annuléieren.

Déi Lëtzebuerger Sängerin a Schauspillerin huet hire Public duerch eng Panoplie vu Melodien an Texter vum Annie Cordy, Jacques Brel, Juliette Gréco, fir lo nëmmen déi ze nennen, gefouert. De Régis Thill war fir eis op der Première. Kënschtler, déi wärend de Pandemie-Restriktiounen net konnten optrieden, hunn d’Zäit genotzt, fir un neie Projeten ze schaffen. Sou och d’Yannchen Hoffmann.

Eng an eng hallef Stonn konnt de Public mat am Yannchen seng Musekswelt ënnertauchen. De Kader, sou wéi en am Kulturhaus zu Miersch opgebaut war, huet dat erliichtert. Eng intim Atmosphär, eng Sängerin déi no war an déi hire Beruff mat all senge Facetten kennt.

Hei kënnt hir an dem Public zegutt, dass si an Oper an Operetten matmécht. Hiert Schauspill gëtt dem Chansons-Genre en däitleche plus. Den Erny Delosch um Piano an den Eugène Bozetti um Akkordeon sinn diskret an awer present.

Wéinst Krankheet hunn d'Virstellungen den 21., 22., 28., 29. an 30. Dezember missen ofgesot ginn.