D'Kultur huet op! Mam Nathalie Jacoby, Direktesch Literaturarchiv Miersch
No engem schwéiere Joer 2020 konnten déi Kulturschaffend 2021 opootmen. Als bal eenzegt Land an Europa sinn am Januar d’Kulturhaiser nees opgaangen.
Um Enn vum Joer zéie mir a sechs verschiddene Beräicher mat den Organisateuren de Bilan: et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen. Fir d’Literatur waren d’Librairië scho méi laang op, mä den direkte Kontakt mam Publikum iwwer Liesungen a Foirë war ënnerbrach. Am Fréijoer ass de Centre de Littérature vu Miersch dofir mat den Auteuren op Liesrees gaangen.
D’Stëmmung war gutt, bis am Juli zu Miersch d’Waasser an d’Haus komm ass.
D’Christiane Kremer huet sech mat der Direktesch vum Literaturarchiv Nathalie Jacoby ënnerhalen.