No engem schwéiere Joer 2020 konnten déi Kulturschaffend 2021 opootmen. Als bal eenzegt Land an Europa sinn am Januar d’Kulturhaiser nees opgaangen.

Um Enn vum Joer zéie mir a sechs verschiddene Beräicher mat den Organisateuren de Bilan: et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen. Ganz schwéier huet et awer nach ëmmer de Concerts-Beräich : déi grouss international Acts kommen nach net an d’Distanz an engem gefëllte Sall bei gudder Stëmmung ass schwéier ze halen. Et huet geheescht kreativ ze sinn, fir op d'mannst d’Lëtzebuerger Musek nees op d’Bün ze kréien.

D’Christiane Kremer huet sech mam Direkter vun der Rockhal Olivier Toth ënnerhalen.

D'Kultur huet op! Mam Olivier Toth
No engem schwéiere Joer 2020 konnten déi Kulturschaffend 2021 opootmen. Als bal eenzegt Land an Europa sinn am Januar d’Kulturhaiser nees opgaangen.