D'Affekote vum Museker hunn eng Fra verklot, well si probéiert huet, eng illegal Opnam vun engem vu senge Concerten aus den 80er op Ebay ze verkafen.

D'CD mam Titel "Eric Clapton Live USA" hätt déi 56 Joer al Fra aus Ratingen bei Düsseldorf aus der Ierfschaft vun hirem Ex-Mann gehat. Op Ebay hat si d'Opnam fir 9,95 Euro ugebueden, mä aus dem Verkaf ass näischt ginn. E Bréif vun den Affekote vum Eric Clapton huet hir d'Offer vum sougenannten "Bootleg", also eng illegal Tounopnam, op der Plattform ënnersot. Donieft hätten d'Affekote vum Bluesmuseker si mat Succès verklot.

Well den Eric Clapton der Verbreedung vun der Opnam vum Concert ni zougestëmmt hätt, huet d'"Landgeriicht Düsseldorf" der Klo am Dezember 2021 Recht ginn. Viru Geriicht hätt d'Fra - zwar ouni Succès - argumentéiert, datt si net gewosst hätt, datt si géint d'Auteursrechter verstousse géing, well hiren deemolege Mann d'CD legal an engem Buttek kaf hätt. D'Geriicht huet dogéint argumentéiert, datt am Auteursrecht eleng de Verstouss géing zielen.

Bis ewell wieren de Berechnunge vum Affekot vun der Fra am Sträit iwwer 3.400 Euro u Käschten ugefall. Dem Eric Clapton säi Management huet donieft matgedeelt, datt d'Affekoten am Optrag vum Museker zanter ville Jore géint de Verkaf vun illegalen Opname virgoe géingen. Et wier awer net d'Intentioun géint privat Verkeefer vun eenzelen CDe virzegoen, mä géint "professionell" Verkeefer.

D'Affär vun der Fra aus Ratingen hätt mat minimale Käschte séier kënne vum Dësch sinn, wann si d'Affekoten net ermontert hätt, si ze verkloen. Wa si den Affekoten um Telefon oder an engem Bréif déi selwecht Erklärung ginn hätt, wéi viru Geriicht, hätt een op eng Klo verzicht.

Well elo déi komplett Fakten zu der Affär un d'Liicht komm wieren, hätt den Eric Clapton decidéiert, keng weider Mesuren z'ergräifen an déi him viru Geriicht zougesprache Käschten net anzezéien.