Duerch déi tierkesch Lira, déi héich Inflatioun an déi immens Pabeierkäschte klëmmt de Präis vun de Bicher ëmmer méi.

Verschidde Verlager hunn dowéinst entscheet, manner Bicher ze publizéieren. Gläichzäiteg fäerte si, datt doduerch manner kritesch an alternativ Stëmme wäerte Gehéier fannen.

D'Hausse vun de Bicherpräisser steet a Relatioun zu der Wirtschafts- a Wärungskris. Déi tierkesch Lira huet am Laf vum Joer ee Véierel vun hirem Wäert géintiwwer dem Dollar verluer. De järlechen Inflatiounstaux louch dës Lescht bei iwwer 21 Prozent. Kritiker mengen esouguer, dass déi offiziell Zuelen nach däitlech ze niddreg ugesat sinn.

De Präis vum Pabeier ass dem Verlagshaus Kirmizi Kedi no bannent engem Joer vu 700-800 Dollar op 1.500 Dollar pro Tonn an d'Luucht gaangen, wat och un den Enkpäss bei de Liwwerkette läit. D'Tierkei ass nämlech ofhängeg vum Import aus anere Länner. 2018 huet d'Land fir 3 Milliarden Dollar Pabeier importéiert.

Et ass nach et gewosst, wéi sech d'Präisser wäerte weider entwéckelen. Ma Verlager hunn decidéiert, eng Partie Wierker net méi nozedrécken oder guer net erauszebréngen.