Zejoert war et den 100. Gebuertsdag an den 2. Januar 1977 huet en eis am Alter vu 55 Joer verlooss.

Gebuer zu Pittsburgh huet dee klengen Erroll scho mat 3 Joer doheem um Papp sengem Piano geklimpert, andeems en d'Musek, déi aus dem Grammophon koum, imitéiert huet. E klengen an duerno groussen Autodidakt, dee keng Noute liese konnt a se och ni geléiert huet mä einfach nëmmen op säi Gehéier gaangen ass.

Mat 7 Joer hat e seng éischt Optrëtter, mat 16 huet en et professionell gemaach.

1938 gouf den Erroll Garner Member an der Band vum Saxophonist Leroy Brown, huet awer anengems och als Solist a Baren, Theateren a Kierche gewise wat e konnt.

1944 ass en op New York gaangen, huet kuerz drop hei säin eegenen Trio gegrënnt an an de Joren duerno eng Abberzuel Placken opgeholl. Seng bekanntste Kompositioun ass wuel den Titel "Misty" aus em Joer 1954, deen herno mat engem Text vum Johnny Burke der Sarah Vaughan hiren Erkennungssong sollt ginn.

Den Erroll Garner huet an de 60er och säin eegene Plackelabel gegrënnt, war dacks Gaascht an Televisiounsemissiounen a war an den 70er ë.a. a Südamerika an Asien op Tournée.

1975 ass en u Longekriibs erkrankt, huet sech dowéinst komplett zeréckgezunn an ass 2 drop zu L.A. verscheet.

RTL

Den Erroll Garner konnt wéi keen zweeten seng riets a lénks Pianoshand vuneneen trennen, déi eng huet Tempo, Rhythmus an Takt bestëmmt, déi aner huet der Melodie, Improvisatioun a Virtuositéit fräie Laf gelooss. Säin Talent war vu grousse Komponisten ewéi Liszt, Chopin, Debussy a Ravel beaflosst awer och vun der eegener Kreativitéit déi een nun mol néierens a bei kengem léiere kann.