Beim Begriefnis vun der Prinzessin Diana wier d'Trauerlidd bal net gespillt ginn, wann den Dekan vun der Westminster Abbey net fir "Mutt" plädéiert hätt.

Et ass dee wuel bekanntste Moment vum Begriefnis vun der Lady Di. Dobäi wier et bal net dozou komm. Wéi et schéngt hätt den Elton John eigentlech net bei der Trauerfeier sange sollen. Dorop loossen Dokumenter aus den éischte Jore vum Tony Blair als Premierminister schléissen, déi viru Kuerzem vun der brittescher Agence "The National Archives" publizéiert goufen.

Den Dokumenter no, déi ënnert anerem den engleschen Guardian a Sky News ausgewäert hunn, hätt den deemolegen Dekan vun der Westminster Abbey "Candle in the Wind" virgeschloen. Hien huet d'Lidd an engem Schreiwes un en héije Member aus dem Kinnekshaus recommandéiert, well dëst d'Stëmmung vun der Ëffentlechkeet agefaangen hätt. Nom déidlechen Accident hat déi brittesch Bevëlkerung sech vun de Royals wéinst hirer Gläichgültegkeet ofgewannt.

"Dëst ass een decisive Punkt vum Gottesdéngscht, a mir bieden ëm Mutt. Hei geschitt Onerwaartes an eppes aus der moderner Welt, déi d'Prinzessin representéiert", huet den Dekan geschriwwen. "Ech schloe respektvoll vir, dass alles, wat klassesch oder choresch ass (souguer e beléifte Klassiker wéi vum Lloyd Webber", net ubruecht ass."

Besser wier eppes vum Elton John, e Liblingskënschtler vun der Prinzessin Diana, huet hie weider geschriwwen: "Hien huet en neien Text zu der Melodie geschriwwen, déi am ganze Land fir d'Gedenken un d'Diana gespillt a gesonge gëtt. Seng Notzung hei wier originell a generéis géigeniwwer de Millioune Mënschen, déi ee perséinleche Verloscht ze bekloe hunn: Dat ass richteg Populärkultur."

D'Objektioune vum Kinnekshaus wuel schonn antizipéiert, huet hien e Bréif hannendru geschéckt: "Sollt den Text fir ze sentimental ugesi ginn (wat ugesiichts vun der nationaler Stëmmung guer net schlecht ass), soll en net an de Programm vun der Trauerfeier gedruckt, mä nëmme gesonge ginn."