Hie gëllt als eng Koryphee an der Geschicht vum franséischen an europäeschen Theater. Mëtt Januar hätt hie säi 400. Gebuertsdag gefeiert.

De 15. Januar 1622 gouf de Molière, dee mam gebiertegen Numm Jean-Baptiste Poquelin heescht, gedeeft. E puer Deeg virdrun ass hien héchstwarscheinlech op d'Welt komm.

Hie war Acteur, Theaterdirekter an Dramatiker a virun allem Papp vun der Comédie-Française. Duerch hien ass den Theater en Diskussiounsforum fir allgemeng mënschlech Verhalensweise ginn.

Zu senge bekanntste Wierker zielen "L'Avare", "Tartuffe", "Le Malade imaginaire" an "Le Bourgeois gentilhomme".

Feierlechkeeten zu Éiere vum Molière

Fir dëse ronnen Anniversaire ze feieren, ginn op verschiddene Plazen a Frankräich Feierlechkeeten organiséiert. Op Plazen, déi pregnant fir d'kënschtleresch Aarbecht vum Molière waren. An der Comédie-Française zu Paräis, e klengen Theater an der Géigend vum Louvre, gi Stécker vun him opgeféiert, dorënner och "Tartuffe". Den Theater ass an deem Véierel, an deem de Molière laang Zäit gelieft huet an och gestuerwen ass.

Am Schlass zu Versailles, wou de Molière fir de Kinnek Louis XIV. täteg war, dréit sech all Joer ee Summermount ëm de franséischen Theatermécher. Am Mee soll donieft eng Molière-Statu devoiléiert ginn. Eng weider Statu steet zu Pézenas. Hei huet sech de jonke Molière opgehalen, wann hie Paräis verlooss huet.

Him zu Éiere kënnt och eng speziell Timer-Editioun eraus, iwwert déi sech Philateliste freeën dierften.