Festivallen hei am Land sinn zanter Corona méi wéi rar ginn, ëmsou méi frou sinn d'Organisateure vum LOA, hiren Event dëst Joer extra grouss opzezéien.

No enger Sold-Out-Editioun d'lescht Joer an dat nodeems den Datum méi wéi eemol verréckelt gouf, soll de Loa dëst Joer nach emol getoppt ginn. Dëst Joer ginn et nämlech 2 Editiounen, eng de 6. a 7. Mee op der Place de l'Academie op Esch-Belval an nach eng zweet, den 9. an 10. September, genee wéi dat Joer virdrun, op der Place de l'Europe um Kierchbierg. Domat géif ee souwuel de Start vun der Festival-Saison alauden, wéi se zousätzlech nach clôturéieren.

Op d'Iddi vum Festival "LOA Esch", deen an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Esch an dem lokalen Syndicat d’Initiative op d'Bee gesat gouf,  wier ee komm am Hibléck op déi immens kulturell Entwécklung vum Site um Belval. Dofir wier een och besonnesch houfreg, dass am Mee 10 international DJen, souwéi lokal Artisten um Belval op der Bün stoe wäerten, mat den Headliner: Fedde le Grand, Blasterjaxx,
Tujamo, Mike Williams, Julian Jordan, MATTN, Danko, SLVR, Tiefblau a Rowen Clark.

De "LOA by Post" am September mécht dann d'Fermeture vun der Festival-Saison. De Line-up vun deem Event wäert zu engem spéideren Zäitpunkt annoncéiert ginn.

Genee wéi dat Joer virdrun hunn d'Organisateure fir béid Evenementer e klore sanitäre Protokoll zesumme mam Ministère op d'Bee gestallt, dee jidderengem, Visiteure wéi och Mataarbechter, e sécheren Oflaf garantéiere soll. Wéi et bis dohi mat extra Mesurë wéi dem CovidCheck ass, dat géif een zu dësem Zäitpunkt nach oploossen, am Hibléck op eventuell Changementer duerch d'Santé.

Ëmweltfrëndlechkeet ass dann och dëst Joer nees grouss geschriwwen. Op den 2 Sitten, Esch an um Kierchbierg, gëtt et eng "Keen Eeweg-Plastik"-Politik. Et wéilt een dofir suergen, esou mann Offall wéi méiglech ze produzéieren.

Um Site fënnt ee wéi gewinnt e "Food Village" an eng "Chill Out Area" an och de "Cashless System" gëtt nees en place gesat.

Ticketen kritt een um LOA-Site ze kafen, a well een och Reklamm als familljefrëndleche Festival mécht, ass d'Entrée fir Kanner ënner 12 Joer gratis.

A wien elo schonn op de Goût komm ass oder sech wëll ukucken, wat en erwaart, ka sech den Aftermovie vun der LOA-Editioun 2021 ukucken. D'Editioun 2020 war reng digital an huet duerch déi zu där Zäit aktuell Restriktioune leider misse komplett op Visiteure verzichten.