"A CAPE'lla" heescht e Gesang-Festival, dee vun en Donneschdeg bis e Sonndeg zu Ettelbréck am CAPE ofleeft.

Et trieden do Ensembelen op vu Sänger a Sängerinnen, déi ouni Begleedung vun Instrumenter sangen. Just hir Stëmm ass d’Instrument. Wärend véier Deeg sinn Top-Ensembelen op Besuch. De Régis Thill war fir eis am CAPE, wou de finnesche Grupp "Rajaton" opgetrueden ass.

All Stëmm zielt. Dat ass och an dësem Fall wouer. All Stëmm huet hir Eegenschaften, a wann all Stëmmen sech mëschen an ergänzen, dann entsteet e Mini-Orchester.

Aus Fraen- a Männerstëmmen ee gudde Mix ze maachen, dat ass d’Aufgab vun deem Museker, deen e Stéck komponéiert, dat ass de Feeling vun deem, deen d’Sänger an d’Sängerinnen aussicht, an dat ass d’Kënne vun deenen, déi sangen.

De finneschen Optakt vum Festival war schonn emol net schlecht. En intressante Mix vun eegene Kompositiounen a vu méi Bekanntem. Vläicht eng Grimmel ze kal, mee dat gehéiert zu Finnland.