Filmstudioe räisse sech ëm Storye wéi dem Michael Jackson säi Liewen: e Superstar an der Musekswelt, Mëssbrauchsvirwërf an der realer Welt.

D'Liewe vum "King of Pop" Michael Jackson soll elo zu Hollywood verfilmt ginn. U Bord: de brittesche Starproduzent Graham King, deen och "Bohemian Rapsody" an "Aviator" gedréint huet an de Studio Lionsgate. D'Dréibuch fir de Film liwwert den Auteur John Logan, deen och fir "Gladiator" an "James Bond 007: Spectre" geschriwwen huet. Dat huet Lionsgate e Méindeg der "Variety" an dem "Hollywood Reporter" no matgedeelt. De Regisseur an d'Besetzung sinn allerdéngs nach net bekannt.

Och d'Famill vum 2009 verstuerwene Sänger an d'Verwaltung vum Ierwe sinn um Projet bedeelegt. Si géinge sech "geéiert fillen, d'Liewensgeschicht ze verfilmen". Seng Mamm Katherine huet erkläert, hien hätt "vu kleng op den 'Zauber vum Kino' gäre gehat".

De Film mam Titel "Michael" soll "en déifgrënnege Portrait vum Mann sinn, deen zum 'King of Pop' gouf", heescht et an engem Communiqué. Ofgedeckt soll bal säi ganzt Liewen ginn, vu senger Kandheet an den "Jackson Five" bis zu de Geriichtsaffäre wéinst Kannermëssbrauch. Och eng Partie vun den ikoneschen Optrëtter vum Superstar sollen nogespillt ginn.

De Michael Jackson war 2009 am Alter vu 50 Joer verstuerwen. An der 2019 verëffentlechter HBO-Dokumentatioun "Leaving Neverland", hunn zwee Männer schwéier Mëssbrauchsvirwërf géint de Sänger erhuewen. Zanterdeem gëtt et Streit doriwwer, wéi ee mam Ierwe vum Museker ëmgoe soll.