Album "Aus der Heemecht" - Al Lëtzebuerger Lidder am Mëttelpunkt
Bekannt a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder aus dem 19. Joerhonnert op eng radikal Manéier nei interpretéiert.
Dat verspriechen den Serge Tonnar an de Georges Urwald, déi dës nach zu Gréiwemaacher hiren neien Album "Aus der Heemecht" virstellen. De groussen Hexemeeschter oder de Feierwon si sécherlech villen nach ee Begrëff, awer Titele wéi "An Amerika" oder "Sträit", déi kenne wuel just nach déi eeler Semester ënnert eis.
Bis den 12 Februar triede si heimat nach all Owend passend am Stued Theater zu Maacher op. Mir hunn eis mat den zwee Museker iwwer dëse Projet ënnerhalen.
D'Tickete fir d'Virstellungen am Stued Theater si schonns all fort. Ma déi zwee Museker gi spéider och op Tour. Ticketen heifir ginn et op https://www.maskenada.lu/