Éischt Editioun vu Brit Awards ouni geschlechtsspezifesch Kategorien

© AFP/Tolga Akmen
Speziell dëst Joer bei de Brit Awards: D'Organisateuren hu bei der Präisiwwerreechung eng éischte Kéier op geschlechtsspezifesch Kategorië verzicht.
D'Kënschtler solle bei de Brit Awards nämlech "nëmme fir hir Musek an hir Aarbecht gefeiert ginn, an net dofir, wéi si sech selwer identifizéieren oder wéi anerer si gesinn". De Sänger Sam Smith zum Beispill, dee sech weder als männlech nach als weiblech klasséiert, hat d'lescht Joer scho säin Album "Love Goes" net fir de Präis agereecht, well hie senger Usiicht no weder an déi weiblech, nach an déi männlech Kategorie passt.
Och wann dëst Joer am Ganzen 18 Solo-Kënschtlerinnen oder Bands mat Frontfraen nominéiert waren - esou vill wéi zanter zéng Joer net méi - waren déi männlech Kënschtler ëmmer nach an der Iwwerzuel. Esou gouf de Popsänger Ed Sheeran, deen dëst Joer ongewéinlech eidel ausgoung, mam Präis als beschte Songwriter ausgezeechent.
Ma eng éischte Kéier zanter 2006 goufen da bei de Brit Awards nees Präisser fir verschidde Genrë verginn: D'Popsängerin Dua Lipa huet am Genre Pop/R&B gewonnen, de Sänger Sam Fender am Beräich vum Alternative Rock an d'Sängerin Becky Hill an der Kategorie Dance Music.
Tweet Brit Awards
De brittesche Superstar Adele war déi grouss Gewënnerin vum Owend. Fir hiert Wierk "30" gouf si mam beschten Album vum Joer ausgezeechent, hiren Hit "Easy On Me" huet an der Kategorie bescht Lidd gewonnen an d'Sängerin selwer gouf als bescht Kënschtlerin geéiert. Nieft hir huet d'US-Sängerin Olivia Rodrigo dann den Award fir d'Lidd "Good 4 U" als bescht internationaalt Lidd ofgeraumt.
Déi 27 Joer al brittesch Rapperin Little Simz, déi fir véier Präisser nominéiert war, huet d'Auszeechnung fir bescht Nowuesskënschtlerin zesumme mat hirer Mamm entgéint geholl. Well si selwer aus schwéieren Hannergrënn kënnt, huet si un all Kanner appelléiert, sech fir seng Dreem anzesetzen, "egal wouhier ee kënnt a wéi een Hannergrond een huet".
De Moderator vum Owend, de Mo Giligan, huet iwwerdeem de Geck mam brittesche Premierminister Boris Johnson gemaach. Esou huet hien de Premier zu der Präisiwwerreechung agelueden, well dësen "Partye gären huet". De Boris Johnson steet zanter Woche duerch d'"Partygate"-Affär wéinst Fester am Regierungssëtz wärend dem Lockdown ënner Drock.