Hoffnung fir Heavy-Metal-Fans: De beléifte Wacken Open Air soll no zwee Joer Paus nach dëse Summer organiséiert ginn.

De 4. a 6. August solle rëm Dausenden Heavy-Metal-Begeeschterter zu Wacken um Open Air Festival feiere kënnen. Schonn zanter Méint géingen d'Organisateuren déi neisten Editioun plangen a probéieren de Festival esou ëmzesetzen, "wéi d'Fans e kennen a gären hunn". A mat de jéngsten Aussoe vun der däitscher Regierung gi si an hirer Initiativ bestäerkt.

Wéi all Joer géing een och dës Joer mat de responsabelen Autoritéiten zesumme schaffen, fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vu jidderengem um Festival ze garantéieren. D'Editioun vun 2022 soll iwwerdeem dem Internetsite no schonn ausverkaaft sinn. Als Kënschtler mat dobäi sinn ënnert anerem Judas Priest, Slipknot a Limp Bizkit.

2021 an 2020 huet den Heavy-Metal-Festival mat ronn 75.000 Visiteuren wéinst der Pandemie missen ofgesot ginn. An och eng virop méi kleng geplangten Editioun mat bis zu 20.000 Spectateure gouf d'lescht Joer annuléiert. Ma bis den 20. Mäerz 2022 soll e grouss Deel vun de Coronamesuren ewechfalen, wouduerch de Wacken Open Air nees kann organiséiert ginn.