Op de Spuere vum Nationalheld Fausti
De Fausti huet eis lescht Joer matten an der Fueszäit fir ëmmer verlooss. Déi Zäit, an där hie soss mat senge Lidder fir gutt Ambiance gesuergt huet.
All Lëtzebuerger dierft op d'mannst ee vum Fausti senge Lidder kennen. Och haut nach gëtt hie vu ville vermësst, wéi eis Ëmfro weist.
De Fausti huet gesonge vun der Moss am Bic, dem Schwabbelrock an dem Chachacha am Pyjama. Net ze vergiesse seng zwou Bulle Mokka. Seng gutt Laun ass nach ëmmer an de Lidder ze héieren. Lidder, déi och ausserhalb vun der Fueszäit fir déi richteg Stëmmung gesuergt hunn an dat och haut nach maachen. De Fausti wousst eben, wéi et geet, fir Stëmmung ze maachen. Een Entertainer duerch an duerch.
Den Dan Spogen an de Pitt Wagner si Leit besiche gaangen, déi dem Fausti nostoungen. Si ware bei dem Fausti säi gréisste Fan an hu mat Frënn a Bekannte geschwat. Natierlech dierf och mam Jang Linster dee Mann net feelen, dee sech iwwer Joren de Studio an d'Bün gedeelt huet mam Faustino Cima.
Och wann de Fausti leider net méi do ass, seng Musek bleift!
Als Hommage un de Fausti weise mer e Samschdeg dem Andy Bausch säi Film "Entrée d'artistes", an deem een de Fausti nach emol dra gesäit. Dat um 20 Auer um RTL Zwee.