De Grunge-Pionéier Mark Lanegan ass dout

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/MARK DAVIS
Den US-Museker ass en Dënschdeg am Alter vu 57 Joer a sengem Haus zu Killarney an Irland gestuerwen.
De Lanegan war e Frënd vum Nirvana-Sänger Kurt Cobain a gëllt als Pionéier vun der Rockmusek-Richtung "Grunge". Dës ënnerscheet sech duerch hiren "dreckegen" Klang vun anere Rock-Stréimungen a gouf duerch d'Band Nirvana berüümt.
Vun 1984 bis 2000 war de Mark Lanegan Sänger a Frontmann vun der Band "Screaming Trees". Bis 2014 war hie Member vun "Queens of the Stone Age" an duerno als Solokënschtler täteg.
Wéi vill aner Kënschtler huet de Lanegan kee Geheimnis aus senger Alkohol- an Heroinsucht gemaach. Am Joer 2021 ass hien eegenen Informatiounen no bal un enger Corona-Infektioun gestuerwen, nodeems hie laang Zäit u Verschwörungstheorië gegleeft huet. Zum Schluss hat hie sech awer fir d'Corona-Impfungen ausgeschwat.
En Dënschdeg ass hien am Alter vu 57 Joer gestuerwen. Hien hannerléisst eng Fra.