Zanter e Freideg ass en Deel vum Line-Up vum Festival um historesche Site vum Schiefermusée zu Uewermarteleng bekannt.

Mutiny on the Bounty, Hunnep-Strëpp, Hannah Ida, The Brums an Nicoool sinn nëmmen e puer vun den Nimm vun der 7. Editioun vum Koll an Aktioun. De Festival, deen duerch d'Pandemie déi läscht 2 Joer huet missen eng Paus maachen, ass dëst Joer erëm traditionell um Päischtweekend. Nieft nationalen, sinn och international Banden Deel vun der Programmatioun. An nieft Musek ass och erëm e breede kulturelle Programm virgesinn an och d'Kulinarik wäert erëm eng wichteg Plaz um Festival hunn. Vue datt de Festival sech un d'ganz Famill adresséiere soll sinn de 4. a 5. Juni eng ganz Partie Aktivitéite fir d'Kanner geplangt, Stroossekënschtler trieden op an e ganz atypescht Karussell waart op d'Visiteuren.

En Iwwerbléck vun enger Partie vun de Banden déi bis ewell annoncéiert goufen:

Mutiny on the Bounty

Mutiny on the Bounty

Hannah Ida

Hannah Ida

The Brums

The Brums

Pabst

Pabst

Ticketen a weider Informatiounen fannt der ënnert: