E Samschdeg de 25. Juni 2022 ass déi 4. Editioun vum Siren's Call Music & Culture Festival am Gronn. En Donneschdeg gouf de komplette Line-Up presentéiert.

Headliner vum Siren's Call Festival 2022 sinn "The Hives". Et ass bal zwanzeg Joer hier zanterdeem d'Schweeden mat hirem Debütalbum "Barely Legal" d'Musekswelt op de Kapp gestallt hunn. An den zwee Joerzéngten hu si sëllegen Auszeechnunge gewonnen, Millioune Placke verkaaft a mat enger "iwwermënschlecher" Live-Show, d'international Halen zum Biewe bruecht.

Och bekannt sinn "Nothing But Thieves" mat hire kräftegen Hymnen a réien Emotiounen, déi de Fans mat hir Melodien an Texter Hoffnung a Leidenschaft bréngen.

An och d'Komponistin a Musekerin "Hania Rani", déi hiert Liewen tëscht Warschau a Berlin opdeelt, ass mat hirem Piano um Festival vertrueden. Wéi all grouss Kënschtler entwéckelt sech d'Hania Rani musikalesch weider an ass ëmmer op der Sich no engem neie Projet.

Nieft den internationale Kënschtler ass och de Lëtzebuerger Museker "CHAiLD" dobäi. Seng eenzegaarteg, berouegend an dach intensiv Stëmm rappt d'Spectateure mat a suergt fir Begeeschterung an eventuell och eng klenger Tréin am A. Virun allem ass den CHAiLD fir säin Asaz fir "queer Jugendlech" bekannt.

No enger Paus vun zwee Joer versprécht de Siren's Call e Festival, fir ze danzen, ze sangen an ze feieren. Nieft der Musek als Haaptelement gëtt de Festival vu literareschen a kënschtlereschen Disziplinnen ergänzt. An och e spezielle Programm fir Kanner gëtt vun Neimënster organiséiert.

Wéi ëmmer wäert de Siren's Call e breede Spektrum u kulturellen Aktivitéite bidden. De Festival schafft mat lokalen Talenter zesummen a bitt hinnen eng Plattform fir hir Konschtwierker. An och um Marché des créateurs wäerte lokal Produzenten an Designer vertruede sinn an d'Méiglechkeet hunn, hir Kreatiounen de Spectateuren ze presentéieren an ze verkafen. Donieft wäerte regional Initiative mat sozialem oder ekologeschem Hannergrond um Marché vertruede sinn.