Deene meeschte Museker huet et déi lescht zwee Joer wuel ënnert den Neel gebrannt, endlech nees op enger grousser Bün ze spillen.

D'Atmosphär ze spieren, wann d'Leit op d'Musek danzen a matsangen. Fir de jonke Grupp "Francis of Delirium" ass dat elo déi nächst zwee Méint nees Alldag, si sinn op USA-Tournée.

"Francis of Delirium" dat sinn d'Jana Bahrich, den Denis Schumacher an de Jeff Hennico. E Méindeg si si ukomm an den USA an reese queesch duerch d'Land a souguer bis erop a Kanada. Si spillen als Virband vun der Grupp " The District" an um Enn och op engem Festival.

Dat Ganzt ass zustane komm duerch een amerikanescht Management. 2019 hu si beim Screaming Fields Contest mat gemaach, ee Programm vum Rocklab vun der Rockhal, dee virun allem jonk Lëtzebuerger Kënschtler ënnerstëtze soll. D'Jana Bahrich ass d'Sängerin, schreift all d'Lidder selwer an huet de Grupp och gegrënnt - deemools fir beim Screaming Fields Contest kënne mat ze maachen.

Fir dee Concours hat si och extra ee Lidd geschriwwen: "Quit Fucking Around". Mëttlerweil sinn der do schonn eng ganz Partie nokomm an den 3. Mäerz ass och een neit Lidd erauskomm: "Funhouse". Als Gewënner vum Concours duerfte si eng Partie Live Concerte spillen, ënner anerem an de Rotonden, dat huet dunn zu anere Concerte gefouert an um Enn hu si och déi Responsabel kenne geléiert vun deem Label, bei deem si elo och ënnerschriwwen hunn.

Hir aktuell Tournée ass och net dat éischt, wat dëst Joer bei hinnen usteet. Si ware fir d'Music Move Europe Awards nominéiert. Ee Concours, bei deem europäesch Kënschtler live optrieden an da vun enger Jury bewäert ginn. Do hunn ënner anerem och d'Zoé Wees aus Däitschland oder Meskerem Mees aus der Belsch matgemaach.

Den Optrëtt fannt fir hei: https://mmeawards.eu/artist/francis-of-delirium/

Op d'Jana Bahrich ëmmer Musek maache wëll, weess hatt nach net. Esou laang wéi et Spaass mécht, bléift hatt drun a wat duerno kënnt, misst een hatt dann e puer Joer nach eng Kéier froen.

Wien d'Grupp dann awer och eng Kéier kucke wëll, muss dofir keen Ticket an d'USA huelen. Am Mee maache si dann och eng Europa-Tournée, och mat Stopp zu Lëtzebuerg. All d'Datumer fannt dir hei: https://francisofdelirium.com/live-shows/