
De Mainstream Kino, déi sëllege Serien an och e groussen Deel vun dem sougenannten “art et essai” Kino, fonctionéiert no enger bewäerter gréisstendeels linearer Erzielstruktur an där Personnagen an Themen interagéieren fir e Sënn ze erginn, mat deem sech de Spectateur identifizéiere kann oder sech zumindest doran erëmfanne kann. Dëst kann allerdéngs och fonctionéieren, ouni dass Geschichten onbedéngt musse linear, dramatesch erzielt ginn.
Sou ass zum Beispill den excellenten mexikanesche Film a Kompetitioun PRAYERS FOR THE STOLEN éischter an Episoden erzielt. De Film weist, wéi dräi Meedercher (fir d’éischt am Alter vun 7 bis 8 Joer, duerno gi se gewisen, wéi se 12 Joer al sinn), an engem Biergduerf liewen, wou hiert Liewen duerch Angscht virun der Drogemafia bestëmmt gëtt. Direkt Gewalt gëtt kaum gewisen, an ausser zum Schluss, sinn och d’Gangster ni ze gesinn. Mä a ville klenge Momenter, beim Spillen oder an der Schoul, an der Observatioun vun den Erwuessenen aus dem Duerf, déi d’Kanner mat alle Mëttele schütze wëlle, awer kaum Erklärunge liwweren, versti se dach, dass se permanent a Gefor sinn. Remarkabel ass, souwuel vun der Inzenéierung wéi vun der symbolesch Ausdrockskraft hier, déi Zeen, wou d’Meedercher hir laang Hoer geschnidde kréien, fir se viru Kidnapping a Versklavung ze schützen. Wéi onerträglech dës Situatioun op se wierkt, gëtt zum Schluss kloer, wann eent vun de Meedercher sech rebelléiert géint dee permanenten, mä guttgemengte Fräiheetsentzuch, a sech doduerch an extrem Gefor bréngt. “Prayers for the Stolen” ass e wonnerbaren, intelligenten an ergräifende Film, deen och ouni linear Handlung, dramatesch super fonctionéiert.

De chileenesche Film THE COW WHO SANG A SONG INTO THE FUTURE huet och näischt mat enger klassescher Narratioun um Hutt. Anescht awer, wéi beim mexikanesche Film huet seng konzeptuell a steril, pseudo meditativ Approche mech total kal gelooss. Eng Mamm, déi sech viru Joren an engem Floss suicidéiert hat, klëmmt enges Dag aus dem polluéierte Waasser eraus, an erschéngt do leibhafteg hire Nokommen, déi op engem Bauerebetrib wunnen. Duerch hir magesch Presenz als eng Aart “Iwwermamm”, déi sech fir d’Mënschen an déi zerstéiert Natur asetzt, gëtt d’Famill mat hire fréiere Sënne konfrontéiert a fënnt eng gewësse Serenitéit erëm. Och d’Natur regeneréiert sech an d’Beien an d’Villercher kommen zeréck. Gespenster hunn et nu mol eben esou u sech, dass se permanent a Beweegung sinn. De Film allerdéngs trëppelt ganz schnell op der Plaz an deklinéiert endlos dat nämmlecht Thema. Op e copié/collé vum Andrea Arnold hirem Film “Cow”, mat Spiritualitéit ausstralende Kéi, hätt ech gäre verzicht. Iergendwéi huet dat Ganzt no schlechtem Weerasetakhul (en thailännesche Regisseur, deen d’Gëlle Palm vu Cannes gewonnen huet) ausgesinn, woubäi dee gudden och ni Menges war.

Och den Dokumentarfilm a Kompetitioun DREAMING WALLS funktionéiert méi konzeptuell wéi narrativ, an och hei spille Gespenster eng zentral Roll. De berüümten Chelsea Hotel zu Manhattan, deen 1885 gebaut gouf, a wou sech besonnesch an de 60er a 70er Joren déi New Yoker Kënschtler- an Undergroundzeen begéint ass (Janis Joplin an Leonard Cohen, den Andy Warhol a seng “Chelsea Girls”, Patti Smith, Marilyn Monroe, Madonna etc.) gëtt säit 9 Joer renovéiert. Am Hotel resistéieren nach eng Rei eeler Locatairen an der Haaptsaach Artisten. Déi zwou Realisatricen weisen, wéi dës iergendwéi an der Gesënnung vu fréieren Zäite weiderliewen. An den ale Gäng, Trapen an Appartementer blende se Archivmaterial vun de fréieren illustere Locatairen an, déi wéi Gespenster aus der Vergaangenheet mat deenen net manner enigmateschen Locataire vun haut cohabitéieren. Aus den Interviewen ergëtt sech och just e fragmentarescht Bild vun den haitege Pensionnairen, sou datt et fir den Zuschauer schwéier ass, e richtege Bezuch zu hinnen ze kréien. Et geet hei un éischter Stell ëm eng Konfrontatioun tëschent Vergaangenheet a Present, an ëm d’Gefill, dass mat der luxuriéiser Renovatioun vum Chelsea Hotel definitiv eng Ära zu Enn geet.
Een aneren Dokumentarfilm aus der Kompetitioun, “1970" vun Tomasz Wolski, iwwert déi grouss Aarbechterstreiker an hir Repressioun a verschiddene polnesche Stied, huet dogéint versicht, de Spectateur méi emotional mat anzebezéien. De Film benotzt Archivfilmer iwwert d’Manifestatiounen a kombinéiert se mat original Tounopnamen vun den Telefonsgespréicher, déi déi kommunistesch Autoritéite gefouert hunn, fir der Situatioun Meeschter ze ginn. Dobäi ginn d’Politiker a Fonctionaire ganz schematesch an diffus vun animéiert Figuren duergestallt. Och duerch déi realistesch Sonorisatioun vun de stommen Archivbiller, erlieft de Spectateur op spannend Aart a Weis de Streik aus der Perspektiv vum récksiichtslose Repressiounsapparat.
Beim Lëtzebuerger Animatiounsfilm ICARE vum Carlo Vogele stellt sech wéi beim “Prayers for the Stolen” d’Fro vun der episodenhafter Erzielweis. Hëlt een als Virbiller zwou aner Lëtzebuerger Animatiouns-Koproduktiounen, “Song of he Sea” a “Wolfwalkers” vum Tomm Moore, esou fonctionéieren déi ronderëm een zentrale Personnage, mat enger limitéierter Zuel vu Protagonisten a virun allem hu se ee bis zwee iwwergräifend Themen, déi de ganze Film strukturéieren an och d’Emotioune vehiculéieren. A béide Fäll sinn et d’Acceptanz vum Aneren, an am “Song of the Sea” zousätzlech de Verloscht vun der Mamm, an am “Wolfwalkers” d’Rettung vun der Natur, déi d’Kanner ganz gutt, och emotional, novollzéie kënnen.
De Film vum Carlo Vogele mécht dogéint de Choix, fir de Mythos vum Icarus mat all senge Ramifikatiounen ze erzielen. Dat bréngt, niewent dem Icarus, eng Hellewull vu Personnagen op d’Tapéit (Daedalus, Minos, Pasiphae, Ariane, Thésée an esouguer de Poseidon gëtt onnéidegerweis erwäänt), an och extrem vill, oft niewesächlech Episoden, wéi den Orakel, oder dem Daedalus säin Trick mat der Kou, fir der Parsiphae d’Accouplement mam wäisse Stéier ze erméiglechen, bei deem de Minotaurus erauskoum. Hei huet schonn een Erwuessenen, deen de Mythe net gutt kennt, Schwieregkeete sech erëmzefannen. A villen Episode spillt den Icarus och nëmmen eng marginal Roll, sou dass en net méi als Identifikatiounsfigur fonctionéiert. Am Ufank vum Film schielt sech nach kloer, mat der Relatioun tëschent dem Icarus an dem klenge Minotaurus, dat klassescht Thema vun der Akzeptanz vum Aneren eraus. Noutgedrongen, wann de Minotaurus zu engem richtege mënschefriessende Monster gëtt, verschwënnt dëst Thema, an da geet de Film an all Himmelsrichtungen, ouni richtege Fokus. Et soll een zwar d’Perspikacitéit vun de Kanner net ënnerschätzen.
Trotzdeem froen ech mech, ob bei dëser Akkumulatioun vun Episoden, och wann se duerch Ausblenne gekennzeechent sinn, d’Kanner net de Fuedem verléieren. Ästhetesch ass de Film gelongen an e kënnt och ouni iergendwelleche Kitsch aus. E bitt och d’Geleeënheet, d’Kanner mat de Mythe vertraut ze maachen.