Rumeure gouf et scho méi laang: Elo hunn d'Rolling Stones confirméiert, no 60 Joer am Déngscht fir de Rock'n'Roll rëm op Tour ze goen.

"D'Steng rullen einfach weider", heescht et um Twitter-Profil vum Rocker-Ensembel. Fir hire 60. Anniversaire mécht sech d'Band och nees duerch Europa op de Wee. Et ass zwar bis ewell kee Concert zu Lëtzebuerg geplangt, ma d'Rolling Stones halen awer och an eisen Nopeschlänner Däitschland, Frankräich an an der Belsch stall.

Hiren alleréischte Concert hunn The Rolling Stones den 12. Juli 1962 am Marquee Club zu London gespillt, deen antëscht awer zou ass. "Mir loosse 60 Joer luppen, ouni eppes ze maachen", sot de Gittarist Keith Richards virun Kuerzem der Däitscher Press-Agence zu London. Wärend hirer "Sixty"-Tour, déi zu Madrid start an zu Stockholm op en Enn geet, wäert d'Band direkt zweemol an der brittescher Haaptstad optrieden. Am Juni a Juli si gigantesch Concerten am Londoner Hyde Park geplangt.

Vun der initialer Besetzung, déi deemools am Marquee Club opgetruede war, sinn haut nëmmen nach den 78 Joer ale Frontmann Mick Jagger an de Gittarist Keith Richards dobäi. Zanter 1975 ass och de Gittarist Ronnie Wood feste Member vun der Band. Nom Doud vum laangjärege Batteur Charlie Watts d'lescht Joer hat den US-Drummer Steve Jorden de Posten iwwerholl.