"Mënschen hëllefen" ass d’Devise vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge. Och an der Flüchtlingshëllef ass d’Rout Kräiz e wichtegen Acteur.

Fir ze hëllefen, sammelt d’Organisatioun Fongen. Sou gouf e Beneficeconcert an a mat der Philharmonie organiséiert. Gläichzäiteg kann ee sou d’Opmierksamkeet op déi ukrainesch Flüchtlinge riichten an op d’Situatioun an der Ukrain. De Régis Thill war fir eis um Concert.

Um Programm stoung den éischte Pianosconcert vum Frédéric Chopin, deen am Ufank vum 19. Joerhonnert a Polen gelieft huet. 1830 hunn d’Polen en Opstand gemaach géint d’Keeserräich Russland, fir hir Onofhängegkeet zréck ze kréien. De Museker Chopin, deemools 20 Joer al, ass geflücht. An zwar op Wien an Éisträich. Do huet de Chopin säin éischte Pianosconcert gespillt. Ouni Honorar an engem Beneficeconcert. Spontan ergi sech ebe Saachen, och zu Lëtzebuerg.

De Rachmaninov, deem seng 2. Symphonie an der Philharmonie gespillt gouf, war e russesche Museker, deen honnert Joer mi spéit wéi de Chopin gelieft huet. 1917 war a Russland d’Oktoberrevolutioun, an et war kee sech senges Liewens sécher. Chrëschtdag 1917 ass de Rachmaninov aus Russland geflücht. Dass e fir ëmmer fort wier, wousst hien deemools nach net.

A sou schléisst sech de Krees: iwwert Museker aus Polen a Russland bis zu de Mënschen aus der Ukrain vun haut.