No hefteger Kritik vun Historiker huet den hollännesche Verlag "Ambo Anthos" d'Buch iwwert de "Verrot um Anne Frank" aus dem Handel geholl.

Op der Basis vun engem kritesche Rapport vun Historiker um Buch, huet de Verlag matgedeelt, d'Buch net méi ze verkafen an d'Bicherbutteker sollen hir reschtlech Bicher zréckschécken. Donieft huet de Verlag sech och nach eng Kéier fir d'Buch entschëllegt.

Um Dënschdegowend hat en hollännescht Fuerscherteam ëm den Historiker Bart Wallet, hir Analysen iwwert de "Verrot um Anne Frank" presentéiert. Vun de Recherchen iwwert d'Rätsel, wien d'Verstopp vun der Famill Frank verroden hat, war net méi vill iwwereg bliwwen. Mat "85 bis 87-prozenteger" Sécherheet wier de jiddeschen Notaire Arnold van den Bergh schëlleg gewiescht, soten den hollänneschen Dokumentarfilmer Thijs Bayens an de pensionéierten FBI-Ermëttler Vince Pankoke, déi d'Geschicht nach eng Kéier analyséiert haten an am Januar hir Theorie presentéiert haten, déi fir si "immens warscheinlech" wier.

Fir dës schwéier Reprochë géing et dem Fuerscherteam no awer "keng seriéis Beweiser" ginn. D'Buch wier dilettantesch, géing op falsche Suppositioune berouen a Sourcë wiere falsch genotzt ginn. Op där Grondlag huet den Amsterdamer Verlag decidéiert, d'Buch zréckzezéien.