Den Opruff riicht sech un Artisten, déi drun interesséiert sinn, nei an innovativ Weeër vun der Musekskompositioun kennenzeléieren.

An deem Kader huet d'Rockhal en Appel à candidatures lancéiert. Museker, déi am Grand-Duché gebuer sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, kënne sech heivir umellen. Artisten a Gruppen aus all méigleche Genren an Altersgruppe kënnen hir Kandidatur bis spéitstens de 6. Mee 2022 erareechen.

Et ass e Projet an Zesummenaarbecht mat der Rockhal, dem Fonds National de la Recherche (FNR), der Uni.lu an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST).

Workshoppen, sougenannten "Mentoring Sessions" a Musekproduktioun gi vu Mee bis November 2022 am Rocklab organiséiert. Den 3. Dezember 2022 ass en Ofschlossconcert an der Rockhal virgesinn. Deen Dag wäerten och de Max Cooper an d'Dr. Valery Vermeulen optrieden.

Méi Informatioune fannt Dir op thesoundofdata.lu.