Eigentlech sollt d'Sängerin bei enger Maniff vu Fridays for Future zu Hannover optrieden. Ma d'Aktivisten hunn d'Aluedung wéinst hiren Hoer zréckgezunn.

Wéi et am Schreiwes heescht, wier et fir d'Aktivisten net ze vertrieden, "eng wäiss Persoun mat Dreadlocks op der Bün ze hunn". Dëst géing dem "antikolonialisteschen an antirassisteschen Narrativ" vu Fridays for Future widderspriechen.

Deemno wieren Dreadlocks bei wäisse Mënschen "eng Form vum kulturellen Uneegnen", well dës "an den Zäite vun der Sklaverei vu wäisse Mënschen als een Zeeche vun der Ënnerdréckung genotzt" goufen, schreift FFF weider. Wäisser sollten also keng Dreadlocks hunn. "Sollts du dech bis e Freideg decidéiert hunn, deng Dreadlocks ofzeschneiden, géinge mir dech natierlech op de Demo begréissen a spille loossen".

D'Musekerin huet mat engem Statement op Instagram op d'Ofso reagéiert. Si weist sech enttäuscht, datt si wéinst hiren "äusserlechen Eegenaarte" vun der Maniff ausgeschloss gouf. An enger weiderer Erklärung an hirer Instagram-Story huet si vun engem Uruff vu Fridays for Future geschwat, an deem sech de Grupp fir den "onsensibelen Tounfall" an hirem Schreiwes entschëllegt huet. D'Musekerin huet awer betount, datt si kee Konflikt hätt wéilten ausléisen an datt een den Ament eigentlech ganz aner wichteg Theemen an der Gesellschaft hätt, déi ee léise misst.