A senger Single „Rilatine 40mg“ schwätzt de jonke Sänger-Songwriter iwwer seng Experienze mat ADS a sengem Traitement.

Den Thomas Roland, besser bekannt als Maale Gars, huet sech iwwer déi lescht zwee Joer mat Lidder wéi "Alles versicht", "Lausbouf" oder "Kee vu menge Bridder" fest an der Lëtzebuerger Musekszeen etabléiert. Seng Lidder sinn alleguer op Lëtzebuergesch a schwätze vum jonke Sänger senge perséinlechen Erfarungen. Nodeems hie virun engem hallwe Joer ugekënnegt hat, e bëssen op d’Brems ze trëppelen, well en ufänkt als Schoulmeeschter ze schaffen, ass en elo rëm zeréck mat neier Musek. Säin neit Lidd "Rilatine 40mg" kënnt de Samschden eraus – de passende Museksvideo ass awer scho vun en Donneschdeg un disponibel. Mir hunn am Virfeld vun der Release mam Thomas Roland geschwat.

RTL

© Pit Reding

Ëm wat geet et an dengem neie Lidd?

Den Titel "Rilatine 40mg" seet u sech schonn alles aus. Rilatine ass e Medikament, wat Leit, wéi ech, déi ADS hunn, verschriwwe kréien. 40mg war d’Dosis, déi ech perséinlech krut, fir dass ech mech besser konzentréiere kann, wat zemools wärend menger Schoulzäit wichteg war. Dat Medikament hat awer immens vill Nieweneffekter op mech als Persoun a mäin Alldag am Allgemengen. Ech war méi roueg, méi introvertéiert an hu manner Emotioune gewisen. Ech hunn net vill giess an ech war einfach anescht, wéi ech u sech sinn. Am Lidd stellen ech mir d'Fro, wat geschitt wier, wann ech déi Pëllen net geholl hätt. Wier ech elo op der nämmlechter Plaz am Liewen? Wier ech méi räich, méi aarm? Wier ech méi oder manner beléift gewiescht? Hätt ech aner Decisioune getraff, wéi dat elo de Fall war? Wier ech eventuell éischter op d’Iddi komm e Projet wéi Maale Gars ze lancéieren oder wier dat guer net méiglech gewiescht? Et geet ëm den "wat wier wann" an d‘Lidd beschreift och e bëssen, wéi ech mech fillen, wann ech déi Pëllen huelen.

Wéini goufs du mat ADS diagnostizéiert a wéi hues du dat materlieft?

Wann ech mech richteg erënneren, war ech 9 Joer al, wéi ech d’Diagnose ADS krut. D’Medikamenter krut ech gutt zwee Joer drop. Um Ufank krut ech Ritalin verschriwwen, mä dat hunn ech guer net verdroen an dunn huet meng Mamm direkt intervenéiert an no enger Alternativ gesicht. Du si mir op Rilatine gestouss. Dat ass eng méi "douce" Variant an domat sinn ech vill besser eens ginn. Déi Medikamenter hunn ech du geholl, bis ech ech mam Lycée fäerdeg war an deelweis och nach op der Uni. Richteg ofgesat hunn ech se awer ni. Ech huele se souguer elo op der Aarbecht heiansdo nach, wann et guer net geet an ech mech wierklech muss konzentréieren.

RTL

Deng Lidder baséiere sech jo ëmmer op perséinlech Experienzen, mä bei deem hei bass de nach méi emotional wéi soss. Wéi schwéier war et fir dech, dat op d’Blat ze bréngen?

D’Schreiwen u sech ass mer erstaunlech liicht gefall, well ech einfach dat geschriwwen hunn, wat mir duerch de Kapp gaangen ass. Den Effekt vum Lidd an de Fait, wéi perséinlech et wierklech ass, hunn ech eréischt bemierkt, wéi ech et fir d’éischt Kéier live viru mengen Eltere performed hunn. Ech soen am Lidd jo och "wier meng Mamm nach stolz op mech", wann ech déi Pëllen net geholl hätt an dat virun alle Leit a mengen Elteren ze soen, war schonn en heftege Moment. Ech hu gemierkt, wéi vill Emotiounen esou en Text a mir an och an anere Leit kann ausléisen an hu souguer op der Bün ugefaangen ze kräischen. Meng Elteren hunn alles fir mech gemaach a si haten esou vill Gedold, mä ech hunn och mat Amenter gemierkt, dass si un hir Grenze komm sinn, well ech einfach Saachen net hikrut, déi fir anerer komplett normal waren an d’Lidd ass eng Rëtsch vu Gedanken, déi mir zu deem Thema duerch de Kapp gaange sinn.

Géifs du soen, dass dat heiten däin emotionaalste Lidd bis dato ass?

Jo an nee. Ech schwätzen an all menge Lidder iwwer meng Emotiounen. Mäi lescht Lidd – "Looss Mech Net Hänken" - ass och immens perséinlech, mä et huet mir ni esou vill ausgemaach, wéi dat heiten. ADS mécht mech aus, et ass ee Charakterzuch, en Deel vu mir. An ech hunn et ëmmer fir en Nodeel gehalen, mä ech hu gemierkt, dass et och Virdeeler huet: du bass méi kreativ, du denks "out of the box", du bass méi empathesch. A wéi ech dat bis verstanen hat, hunn ech ugefaangen ADS iergendwou z’appreciéieren. Dowéinst bedeit dat Lidd mir och esou vill.

RTL

© Pit Reding

Wat war den Hannergedanken hannert dem Video?

Dat war dem Felix Schaf seng Iddi. Hie war den Direkter vum Musekvideo a mir haten e Gespréich mat him am Virfeld iwwer meng Erfarungen an Usiichten. Am Video wollt hien dunn e bësse seng Iddi vun ADS a vu mengen Experienzen erëmspigelen. D’Iddi war, dass een déi zwee verschidde Weeër gesäit, déi ech konnt aschloen - Schoulmeeschter oder Museker – an dass obschonns dee klenge Jong, dee mech representéiert, seng Problemer ënnerwee huet, en awer ëmmer déi zwou Optiounen huet an et egal wéi wäert gutt ausgoen, soulaang hie sech trei bleift. Mir wollten awer och déi Ironie weisen, dass ech a menger Schoulzäit meng Problemer mam Léierpersonal hat an elo selwer zu deem Léierpersonal gehéieren.

Du spills den 2. Abrëll däin éischte Concert an der KUFA, wou s de Headliner bass. Wéi fillt sech dat un?

Et war an ass nach ëmmer immens vill Aarbecht, mä den Tun (Biever) an ech hunn eis dat opgebaut an ech si mega frou, dass mir dat elo erreecht hunn, dass mech sou vill Leit op deem Wee ënnerstëtzen. Et ass quasi onméiglech fir mäin Job mat der Musek ënnert een Hutt ze kréien, mä iergendwéi geet et awer an dat heiten ass de Beweis dofir.

Wat erwaart eis dann do? 

Mega Stëmmung a mega Musek! Et wäerten esou vill genial Museker do sinn, de Luk, den Turnup Tun, de BigT a ROD déi wëssen, wéi ee Stëmmung mécht, de Skuto, deen e wonnerbaren Album gemaach huet an dee fir d’éischt Kéier op esou enger grousser Bün wäert stoen, a fir dat Ganzt nach ofzeschléissen, wäert den DJ Mad Piet fir d’éischt Kéier live opleeën.

RTL

© KUFA

De Concert vum "Maale Gars a Frënn" ass den 2. Abrëll an der KUFA. Méi Informatiounen an Tickete kritt dir op hirem Site.